Frënd vun Tennis-Star Aryna Sabalenka, Konstantin Koltsov onerwaart gestuerwen

© Alexander Nemenov AFP
De fréiere belarusseschen Äishockeyspiller ass nëmmen 42 Joer al ginn. Hie war no senger Profikarriär bis zu sengem Doud als Assistenztrainer aktiv.
Fir d'Nr. 2 an der Tennisweltranglëscht vun den Dammen, ass et e weidere schwéiere Schicksalsschlag. Réischt am Joer 2019 huet d'Aryna Sabalenka hire Papp verluer, dee fréier och als Äishockeyprofi aktiv war.
De Koltsov huet ënner anerem vun 2002 bis 2004 an der US-amerikanescher NHL fir d'Pittsburgh Penguins gespillt. Fir déi belarussesch Nationalekipp huet hien un zéng Weltmeeschterschaften an zwou Olympiaden deelgeholl, dat 2002 an 2008.
Nodeems hien 2016 seng Profikarriär un den Nol gehaangen huet, gouf hien Assistenztrainer beim russesche Club Salawat Julaew zu Ufa.
Vum Sabalenka gouf et bis ewell keng Reaktioun. De Konstantin Koltsov hannerléisst dräi Kanner aus engem fréiere Mariage. Déi genee Doudesursaach ass bis ewell net bekannt.