D'Maison du Luxembourg am Stade Jean Bouin zu Paräis
De Lëtzebuerger Nation Branding wäert och an der Haaptstad vun eise franséischen Nopere vertruede sinn.
D'Iddi vun enger Hospitality Plaz bei den Olympesche Spiller ass scho vu laanger Zäit beim Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois entstanen, confirméiert hire President André Hoffmann.
An do hu mer dës Kéier geduecht, well Paräis esou nobäi ass a well ee sech awer kann erwaarden, dass proportionell vill méi Lëtzebuerger dohinner fueren, wéi wann e méi wäit ewech wär. Mir missten awer dës Kéier elo eng Kéier Neel mat Käpp maachen an duerfir hu mer eis e bëssen ëmgekuckt, fir bei anere Leit ënnerzekommen.
Mat der Deutsche Sport Marketing, déi de Stade Jean Bouin, deen no beim Parc des Princes a Roland Garros läit, fir den däitschen olympesche Comité gelount huet, war ee sech séier eens. Eis Noperen, déi fir d’Sécherheet, d’Akkreditatioun a sou weider zoustänneg sinn, hunn eis an dem Stadion op Héicht vun de Logen 220 Quadratmeter fir déi ganz Spiller ofgetrueden, gekoppelt mat enger Terrasse vun 120 Quadratmeter, vu wou een eng direkt Vue op d’Fan Zone huet. De Präis heivir läit bei 1,2 Milliounen Euro. Well de COSL dëse Montant net fir dësen Zweck opbrénge kann, ass een un déi viregt Regierung erugetrueden, déi gréng Luucht fir dës Promotiounsaktioun ginn huet, an vun der aktueller Regierung weidergefouert gëtt. Geleet gëtt dëse Projet vun Mataarbechter vum Sportsministère, Vertrieder vun verschiddene Ministèren an mat engem onermiddlechen Support vun der Lëtzebuerger Ambassade vu Paräis. An der Maison du Luxembourg sinn eng ganz Rei Evenementer, wéi e Meet and Greet mat de Sportler. Eng ganz Rei Ziler wëll ee mat dësem Projet erreechen
Et muss een awer och bedenken, dass dat och eng Fënster ass fir d'Lëtzebuerger Regierung, fir d'Lëtzebuerger Land. En Nation Branding sur place bei den Olympesche Spiller, wou natierlech och ekonomesch Gedanken hannendru waren. Et si jo am Comité de pilotage Vertrieder vum Ekonomiesministère, vum Kulturministère natierlech vum Sportsministère mat dobäi gewiescht an natierlech och Leit vum Tourismus.
Fir 150 Euro den Dag kann jiddereen an d'Maison de Luxembourg, Iessen an Drénken ass abegraff. Fir 20 Euro méi kritt een och Accès an d’Fan Zone wou een dann sécherlech eng ganz Rei Toppathleten begéine kann. 300 Leit pro Dag kréin Accès. D’Tickete kann een um Internetsite www.maisonduluxembourg.lu kafen.