U sech hätt ee sech kéinten nom 4:4 am Allersmatch eng interessant a knapp Partie op der Kockelscheier erwaarden, deem war awer net esou.

Viru 600 Zuschauer konnt den Tornado doheem beweisen, datt si déi besser Ekipp sinn. Schonn nom éischten Drëttel ware si 7:0 am Avantage. Dono hunn d'Lëtzebuerger e bëssen erofgeschrauft an esou koumen d'Ekipp aus den Alpen e bësse besser an d'Partie. Dëse Spillzäit gouf du mat 1:1 ofgeschloss, esou datt et mat 8:1 an déi zweete Paus goung.

No dëser Ënnerbriechung huet een de Auswäertsspiller ugesinn, datt si frustréiert waren a si hu méi haart an deels och méi onfair gespillt, mam Resultat, datt sech zwee Spiller vum Tornado blesséiert hunn.

Géint wien den Tornado elo an der Aachtelsfinall muss untrieden, dat decidéiert sech e Sonndeg zu Mulhouse, wa si op Besançon treffen. Déi éischt Partie hat Mulhouse 4:2 auswäerts gewonnen.