Jontay Porter no Wettskandal an der NBA suspendéiert

Den Jontay Porter (#11) bei engem Match am Januar / © AFP
An der NBA gouf ee Spiller vun den Toronto Raptors no engem Wettskandal vun der Liga suspendéiert.
Déi stäerkst Basketballliga vun der Welt stoung an de leschte Woche mat engem Wettskandal an de Schlagzeilen. Dem Jontay Porter vun den Toronto Raptors gouf virgeworf, Deel vun engem Wettskandal gewiescht ze sinn. Dës Virwërf hu sech bestätegt an de Spiller gouf elo vun der NBA gespaart.
Et gouf nogewisen, dass de Porter Informatiounen zu senge perséinleche Leeschtungen am Viraus un eenzel Persounen, déi am Wettmilieu aktiv sinn, weiderginn huet an duerno an de Matcher dofir gesuergt huet, dass hie gewësse Statistiken net erreecht. Sou soll hie sech zum Beispill absichtlech auswiessele gelooss hunn. Eng Persoun huet doduerch mat engem 80.000 Dollar Asaz e Gewënn vun 1,1 Milliounen Dollar realiséiert. Donieft huet de Porter och selwer Sue gesat, da soll hien op d'mannst bei 13 verschidde Matcher mat engem Total vu ronn 50.000 Dollar Asaz gemaach hunn an doduerch e Profit realiséiert hunn. An der NBA wäert hien doduerch wuel ni méi um Terrain ze gesi sinn.