Mamer klappt de Racing a verhënnert eng virzäiteg Titelverdeedegung

© Archiv
Um Samschdeg war den 21. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
Mat enger Victoire zu Mamer hätt de Racing de Championstitel kënne virzäiteg verdeedegen. Mamer hat allerdéngs eppes dogéint an huet de Racing däitlech mat 5:1 ofgeschoss.
Duerch d'3:1-Victoire vun Hesper géint Ell am anere Match vum Titelgrupp ass de Racing nach net fir déi 5. Kéier um Stéck Champion. Mat 8 Punkte Virsprong bei nach 3 Matcher dierft do allerdéngs näischt méi ubrennen.
Am Ofstigsgrupp huet Jonglënster sech souverän 5:2 géint d'Entente Rouspert-USBC duerchgesat, déi schonn als Ofsteiger feststeet.
Dikrech huet sech no engem spéide Gol déi dräi Punkte géint Déifferdeng geséchert. Mat 4:3 huet d'Lokalekipp d'Partie fir sech entscheet, woumat een de Géigner op 5 Punkten distanzéiert huet.
Tëscht Beetebuerg an der Entente Wuermer-Mënsbech-CSG gouf et een 0:0. Domat bleift Beetebuerg op der virleschter Plaz am Ofstigsgrupp, d'Entente läit dogéint mat enger grousser Avance un der Spëtzt.