Tëscht Déifferdeng a Paräis gëtt et dëse Weekend eng enk Verbindung.

E groussen Deel vun de beschte Fechter hu sech zu Déifferdeng Rendez-vous ginn, dat mat den Olympesche Spiller zu Paräis am Hannerkapp.

Et ass den Dram vun all ambitiéisem Sportler, eemol bei den Olympesche Spiller dierfen derbäi ze sinn, deemno sinn d'Nervositéit an den Drock zu Déifferdeng héich.

Wéi ee mat Drock Angscht an Nervositéit ëmgeet, dat weess d'Imke Duplitzer. Déi fréier Championne stoung wärend hirer Karriär op de Podiume vun Olympesche Spiller, Welt- an Europameeschterschaften a weess, dass d’Angscht virun der Nidderlag e schlechte Begleeder ass.

Vun de Fortschrëtter vum Anna Zens, am mentale Beräich, mee och an der Technik an Taktik, konnt ee sech am Match an de Poulen iwwerzeegen. Géint déi däitsch Alexandra Ehler, an der Weltranglëscht 128 Plaze besser klasséiert, huet déi 21 Joer al Fechterin mental Stäerkt gewisen. Et stoung alles um Spill, entweder Eliminatioun aus der Kompetitioun oder en Tour weider. Um Enn gouf et eng wichteg Victoire vum Anna Zens.

Duerno gouf et dann nach eng Victoire, géint eng Fechterin aus Armenien, an eng exzellent 15. Plaz am Klassement an dat am 1. Joer bei de Seniorinnen, dat ass villverspriechend. Fir de Flavio Giannotte, heescht et e Sonndeg vun 10 Auer un alles oder näischt an der internationaler Schoul zu Déifferdeng. Och de jonke Sportsproff well op Paräis.