E Samschdeg waren am nationalen Dëschtennis-Championnat déi zweet Halleffinallen.

Nodeems den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht déi éischt Halleffinall an der Best-of-2-Serie fir sech entscheede konnt, ass e Samschdeg am zweete Match d'Iwwerraschung ausbliwwen. Maël van Dessel a Co. gewannen nämlech och déi zweet Halleffinall mat 5:2  a stinn domat an der Finall.

An där anerer Partie konnt Recken déi éischt Halleffinall jo iwwerraschend mat 6:4 géint Berbuerg gewannen. Virun eegenem Public wollt Berbuerg awer zeréckschloen an dat sollt der Lokalekipp och geléngen. Mat enger extrem staarker Leeschtung vun alle véier Berbuerger hu si de Match mat 6:1 gewonnen a konnten esou de "Golden Match" erzwéngen, dee vergläichbar mam Eelefmeterschéissen am Futtball ass.

Hei huet Berbuerg sech mat 3:0 duerchgesat a steet esou als zweete Finalist fest.

D'Resultater am Iwwerbléck