Zanter 5 Joer gëtt et am Garer Quartier an der Stad den Alpha Boxing Club.

E Sportsveräin, deen et sech zum Zil gesat huet, Jonker ze motivéieren an ënnerteneen ze verbannen an hinnen an engems net nëmmen e mentalen a kierperlechen Ausgläich ze erméiglechen, mee och hinnen d‘Wäerter vum Sport ze vermëttelen. D'Iddi dofir hat den Damir Krndic. Hien selwer huet mat 15 Joer ugefaangen mat Boxen an huet wéinst der Uni opgehalen. Ma wéi en dunn zréck koum, huet e seng Iddi a Realitéit ëmgesat. A mëttlerweil gëtt de Club iwwerrannt. An dat vun allen Altersklassen an Nationalitéiten. „Et ass natierlech immens flott ze gesinn, dass mir sou eng villfälteg Bande d‘équipe hunn. Dat war jo och u sech d‘Zil vun der Saach. A mir kruten och immens vill Feedback vun Flüchtlingsassociatiounen, vun hire Foyeren. An och hir Schoulmeeschtere soten, dass se, nodeems se hei am Club wieren, sech immens gutt integréiert hunn.“

Mëttlerweil gëtt de Club quasi iwwerrannt an d‘Turnhal, déi si vun der Stater Gemeng als ASBL zur Verfügung gestallt kréien, geet net méi duer. Dofir si si elo op der Sich no enger neier Plaz, wou si weiderhin de Sportler kënnen erméiglechen, ënnert de beschtméigleche Konditiounen ze trainéieren.