D'Sarah de Nutte krut beim europäesche Qualifikatiounstournoi zu Sarajevo keng vun de 5 méigleche Quoteplazen.

Zanter e Mëttwoch war déi 31 Joer als Sportzaldotin am Asaz an hat och d'Chance, fir sech fir déi zweete Kéier an hirer Karriär fir Olympia ze qualifizéieren.

No engem komplizéierte Spillsystem ass et um Enn an der Véierelsfinall vum leschten Tableau awer net duergaangen.

D'Sarah De Nutte huet sech mat 0:4 der Georgina Pota misse geschloe ginn, déi op Plaz 66 an der Weltranglëscht steet.

Et bleift awer nach een Ticket iwwreg fir eng europäesch Quoteplaz. Do zielt d'Weltranglëscht. D'Sarah De Nutte läit aktuell op Plaz 106, huet awer bei 4 Weltranglëschten-Tournoien nach Chancen, sech awer nach déi lescht Plaz zu Paräis ze sécheren.