De Gilles Mores séchert sech d'Bronzmedail am "120-Worf-Eenzel"

Bei der 16. Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Herne an Däitschland, huet de Gilles Mores et an der Kinneksdisziplin op de Podium gepackt.
De Lëtzebuerger konnt sech am "12-Worf-Eenzel" mat engem Score vun 828 Holz déi drëtt Plaz sécheren. Weltmeeschter gëtt den Däitschen André Laukmann (874 Holz) viru sengem Landsmann Marjan Leis (871 Holz).
Bei den Damme packt d'Mandy Parracho et mat 775 Holz op déi 4. Plaz. Weltmeeschterin gëtt d'Yvonne Ruch aus Däitschland mat 880 Holz. Dat virun der Brasilianerin Patricia Cunha Bade (804 Holz) an der Katja Ricken aus Däitschland (801 Holz).
3-Bunne-Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Wolfsburg: 3. Plaz fir de Jean-Marc Hoffmann
Op Päischtsonndeg a Päischtméindeg war iwwerdeems zu Wolfsburg déi éischt 3-Bunne-Weltmeeschterschaft am Sportkeelen. Hei gëtt op 3 verschidden Zorte Bunne gespillt. Hei konnt de Jean-Marc Hoffmann sech mat engem Score vu 26 Punkten an der Finall d'Bronzmedail sécheren.