De Lëtzebuerger, dee fir d'Arizona University schwëmmt, hat schonn Enn zejoert säin eegene Rekord iwwer 100 Meter Crawl verbessert.

Elo steet hien och iwwer 200 Meter Crawl an de Geschichtsbicher vum Lëtzebuerger Schwammsport. De Weekend hat hien op enger Competitioun vum Arizona State College dem Raphael Stacchiotti seng Beschtzäit aus dem Joer 2009 ëm 19 Honnertstel op 1'49"42 Minutte verbessert.