Den 19. Mee waren zwee Lëtzebuerger zu Malaga um Junior European Cup 2024 vun der U21 am Asaz.

341 Athleten aus 21 Länner sinn hei ugetrueden. An der Kategorie ënner 90 Kilo konnt de Micha Welter vum JC Stroossen sech d'Bronzemedail sécheren.

D'Carla Tavares vum JC Beefort-Iechternach huet den éischte Kampf an der Kategorie bis 57 Kilo verluer. Den Nationaltrainer Jasper Huitsing huet awer nom Tournoi d'Judoka gelueft an ervirgestrach, dass se gutt Progrèse mécht.