D'Barragëmatcher sti fest an elo och d'Terrainen

Vun en Donneschdeg bis den 9. Juni ginn am nationale Futtball d'Barragëmatcher gespillt.
D'Datume sti fest a bis op déi lescht zwee Matcher ass och gewosst, wien, wéini, wou géint wie spillt.
BGL Ligue - Éierepromotioun
UN Käerjeng géint US Hueschtert (31. Mee um 19.30 Auer zu Diddeleng am Stade Jos Nosbaum)*
CS Fola géint US Rëmeleng (2. Juni um 19 Auer zu Munneref am Stade John Grün)*
Éierepromotioun - 1. Divisioun
FC Luerenzweiler géint FC Luxembourg City (30. Mee um 19.30 Auer zu Mensder am Stade op Biirk)
Yellow Boys Weiler géint US Feelen (1. Juni um 17 Auer zu Berbuerg an der Streetwheels Arena)
1. Divisioun - 2. Divisioun
AS Lëtzebuerg géint FC Éilereng (2. Juni um 16 Auer zu Schuller am Stade Roger Winandy)
Union Réimech-Bous géint Green Boys Harel-Tarchamps (3. Juni um 19.30 Auer zu Dikrech am Stade Municipal)
Jeunesse Gilsdref géint Minerva Lëntgen (4. Juni um 19.30 Auer zu Biissen um Terrain ZAC Klengbousbierg)
AS Wëntger géint FC Käerch (6. Juni um 19.30 Auer zu Mäerzeg um Terrain an de Burwiesen)
2. Divisioun - 3. Divisioun
Hei stinn d'Matcher nach net fest, se ginn awer de 7. Juni um 19.30 Auer, respektiv den 9. Juni um 16 Auer gespillt. Am Laf vun der Woch huele mir all d'Dueller och nach eemol méi genee ënnert d'Lupp.
*Wéinst dem Museksfestival Usina, deen den 2. Juni zu Diddeleng ass, huet d'FLF decidéiert, d'Terraine fir déi zwou Partien tëscht BGL Ligue an Éierepromotioun unzepassen.