Futtball - Relegatioun
Bochum bleift an der 1. Bundesliga no Eelefmeterschéissen géint Düsseldorf

Bochum war no engem 0:3 am Aller an der Relegatioun géint Düsseldorf scho mat engem Been an der 2. Bundesliga.
An der 18. Minutt war et de Kappball vum Hoffmann, dee Bochum nach eng Kéier hoffe gelooss huet. An der 2. Hallschent huet hien an der 66. Minutt an nach eng Kéier mat engem Kappball den 2:0 gemaach. 4 Minutte méi spéit war et een Eelefmeter wéinst Hands, deen den Stöger eragemaach huet. An anere Wierder Bochum huet sech seng Verlängerung verdéngt. Och do ware si méi geféierlech wéi d'Haushären aus Düsseldorf.

Am Eelefmeterschéissen war et weider spannend, um Enn (5:6) verpasst de Japaner Uchino: Düsseldorf packt et net. Bochum bleift éischtklasseg.

Am meeschte gelies