D'UNA Stroossen kéint déi nächst Saison Europäesch spillen

© Val Wagner (Archiv)
Fir de President ass awer kloer: Och wann een an d'Conference League ka kommen, wäert dat d'Philosophie vum Veräin net änneren.
Am Prinzip spillt am Futtball Stroossen déi nächst Saison um europäeschen Niveau. Well den Zweeten Hesper an de 5. Jeunesse keng Uefa-Lizenz kruten, wär dem aktuelle Stand no d'UNA an der Conference-League-Qualifikatioun dobäi. Beim Tabelle-6. muss een awer elo och emol nach ofwaarden, well de Swift an déi Escher jo virun d'CLAS, d'Commission luxembourgeoise d'arbitrage pour le sport, gaange sinn.
Um leschte Spilldag wossten déi Stroossener, datt, wa si viru Rouspert bleiwen, si europäesch kéinte spillen. Och wann de President vun der UNA Luc Hilger net am Land war, esou war et e Sonndeg den Owend Hitchcock puer. Géint 18 Auer war awer du kloer, duerch ee Gol méi an der Goldifferenz, bleift ee virun Rouspert. Elo heescht et awer nach eng Kéier e bësse waarden.
Mir sinn nach e bëssen am Flux, well muer sëtze se zesummen, gëtt den Appell nach eng Kéier gekuckt an Hesper an d'Jeunesse hunn Appell gemaach. Bon, mir sinn ofhängeg, wat do geschitt. Mir wäerte sécherlech näischt ënnerhuelen, bis muer den Owend.Och wann een elo europäesch géif spillen an déi Sue vun der UEFA géif kréien, da wäert een zu Stroossen awer net groussaarteg eppes un der aktueller Philosophie änneren, seet den President:
Wat d'Transferte betrëfft, wäerte mir eiser Politik trei bleiwen, och wa lo do Sue kommen. Well d'Warscheinlechkeet ass jo all Joer méi grouss, datt mer net Europäesch spille wéi datt mer Europäesch spillen. Dat heescht, dat doten ass e Bonus, dee mer schéin op d'Säit wäerte leeën, fir Zäiten, déi méi schlecht wäerte sinn.
Fir de Luc Hilger ass d'Politik vum Veräin jiddwerfalls och fir d'Zukunft kloer:
Mir wäerten elo net verréckt spillen, wéi verschidden aner Veräiner, wa se e bësse Suen op der Säit hunn. Mir wäerten eiser Linn trei bleiwen, wéi ech virdru gesot hunn. Mir baue weider op eis Jugend. Mir haten e Sonndeg dräi Bouwe spille gelooss vu 17 Joer, wat eis Politik ass a wäert sinn. Mir wäerte Jongen huelen, déi zum Club wäerte passen.
E Mëttwoch den Owend wësse se da bei der UNA Stroossen scho vläicht méi, ob se dann definitiv déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an der europäescher Conference-League-Qualifikatioun dobäi sinn.