An der Finall zu London huet sech Real Madrid mat 2:0 géint Dortmund duerchgesat. De Carvajal an de Vinicius hunn d'Goler markéiert.

Dortmund war an der 1. Hallschent déi dominant Ekipp um Terrain, huet awer aus honnertprozentege Geleeënheete kee Gol markéiert. No der Paus war et eng Partie op Aenhéicht, Real konnt ronn 15 Minutte viru Schluss duerch de Carvajal a Féierung goen. De Vinicius huet 9 Minutte méi spéit den Deckel op d'Partie gemaach. Fir d'Spuenier ass et de 15. Titel an der Champions League.

De Resumé vum Match - Reportage vum Guy Seyler

Dortmund - Real Madrid 0:2

0:1 Carvajal (74'), 0:2 Vinicius jr. (83')

De Match am Wembley-Stadion zu London hat knapps ugefaangen dunn huet e misste wéinst e puer "Flitzerten" ënnerbrach ginn. Dono ass et awer éischter roueg weidergaangen. An den éischten 20 Minutten ass viru béide Goler näischt geschitt.

Tëschent der 20. an der 30. Minutt hat de BVB eng Drangphas mat ville gudde Chancen. Ugefaangen hat et an der 21. Minutt, wéi den Adeyemi eleng op de Courtois duergelaf ass, de Ball awer ze wäit laanscht de Golkipp geluecht huet an an den Aus ofgedrängt gouf. Kuerz drop huet de Füllkrug bei der nächster Aktioun just de Potto getraff. Et ass weider an eng Richtung gaangen an de Adeyemi ass 7 Minutte méi spéit um Courtois hänke bliwwen.

Real krut guer keen Zougrëff op d'Partie a war och an den Zweekämpf de staarken Dortmunder ënnerleeën. Déi Kinneklech haten an den éischte 45 Minutte keng eenzeg Golchance. Op der anerer Säit huet de Sabitzer et an der 41. Minutt mat engem Schoss aus der Distanz probéiert, de Courtois konnt awer nees halen. Obwuel Dortmund kloer iwwerleeë war, sinn d'Säite mam 0:0 gewiesselt ginn. De BVB hätt aus senge Chancë misse méi maachen.

Nom Téi huet Real Madrid en anert Gesiicht gewisen. An der 49. Minutt gouf et déi éischt Méiglechkeet fir d'Spuenier. De Kobel konnt e Fräistouss vum Kroos paréieren. Kuerz drop huet de Carvajal no engem Corner knapp driwwer gekäppt. Real Madrid stoung méi kompakt an déi Däitsch haten net méi déi fräi Raim, wéi se se nach an der 1. Hallschent haten. An der 57. Minutt war et nees de Carvajal, deen eng Chance hat, säi Schoss war awer ze schwaach.

De Match war elo ausgeglach an et gouf op béide Säite gutt Ofschlëss. An der 63. Minutt huet de Courtois e Kappball vum Füllkrug gehalen. 6 Minutte méi spéit goung eng Flank vum Vinicius knapp laanscht de Gol.

Eng Véierelsstonn viru Schluss sollt dunn den 1:0 fir de Real falen. No engem Corner huet de Carvajal um kuerze Potto de Ball an de Gol gekäppt. Dortmund war elo komplett vum Rullo a Madrid huet duerch Bellingham, Camavinga an Nacho gutt Chancë leie gelooss. 7 Minutte viru Schluss ass d'Entscheedung gefall. No engem Feeler vum Maatsen huet de Vinicius op 2:0 erhéicht. De BVB huet zwar nach emol e Gol markéiert, dem Füllkrug säi Kappball koum awer aus dem Abseits. Um Enn sollt et beim 2:0 fir de Real bleiwen.

Duerch eng gutt 2. Hallschent huet Real fir déi 15. Kéier den Titel gewonnen. Dortmund muss sech eventuell virwerfen, am 1. Duerchgang kee Gol markéiert ze hunn.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.