E Sonndegmëtteg gouf den nächste Barragematch am nationale Futtball gespillt. Dobäi ass et ëm den Opstig an D1 gaangen.

An engem montere Match ka sech den FC Éilereng mat 2:1 géint den AS Lëtzebuerg duerchsetzen. Domadder trieden d‘Minetter d‘nächst Joer an der éischter Divisioun un. Fir den AS Lëtzebuerg bedeit dës Defaite, datt een ofsteigt an d‘nächst Joer an der zweeter Divisioun spille muss.

AS Lëtzebuerg - FC Éilereng 1:2

1:0 Nicolleau (3'), 1:1 Capieque (9'), 1:2 Buschmann (45'+3)

D'Spectateure kruten eng monter éischt Hallschent zu Schuller ze gesinn, an där béid Formatioune sech näischt geschenkt hunn. Béid Formatiounen hu vun Ufank u voll opgespillt an de Wee zum Gol gesicht. Deementspriechend huet et och scho ganz fréi am Match gerabbelt. Et war den AS Lëtzebuerg, dee schonn an der 3. Minutt duerch e Kappball vum Nicolleau a Féierung goe konnt. Dësen Avantage huet awer net laang gehalen, well déi Éilerenger schonn an der 9. Minutt nees egaliséiere konnten. Et war hei de Capieque, deen no engem Corner goldrichteg stoung an de Ball mam Kapp annetze konnt.

Doropshin ass et weider op an of gaangen a béid Formatiounen haten nach gutt Chancen, fir a Féierung ze goen. Déi bescht Chance hat dobäi den AS Lëtzebuerg, deen an der 30. Minutt bannent enger Minutt zwee Mol den Aluminium treffe konnt. Wéi scho bal jidderee mat engem 1:1 als Halbzeitscore gerechent huet, hunn déi Éilerenger nach eng Kéier äiskal zougeschloen. No enger schéiner Kombinatioun ass de Buschmann an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit zum Ofschloss komm a konnt de Ball am Filet ënnerbréngen. Mat engem 2:1-Avantage fir déi Éilerenger ass et dunn op den Téi gaangen.

Nom Téi ass de Match do weidergaangen, wou en an der éischter Hallschent opgehalen hat. Den AS Lëtzebuerg wollt esou séier ewéi méiglech den Ausgläich markéieren, soudatt si direkt nom Ustouss nees déi eng oder aner Kéier geféierlech virum Éilerenger Gol opdauche konnten. Allerdéngs konnt den Éilerenger Golkipp ëmmer nees paréieren. Mä och déi Éilerenger hu probéiert, sech an der Defense duerch e puer Offensivaktiounen ze entlaaschten.

Am weidere Verlaf vun der zweeter Hallschent huet den AS Lëtzebuerg ëmmer méi op den Ausgläich gedréckt, mä et wollt kee Ball an den Éilerenger Gol goen. Dëst well et entweder un der Prezisioun gefeelt huet oder de Golkipp vun de Minetter eppes dogéint hat. An der Schlussphas ass de Match dunn awer e bësse verflaacht. Dëst well bei béiden Ekippen d'Kraaft nogelooss huet.

RTL

© RTL / Steven Milbert

Um Enn sollt sech um Score also näischt méi änneren, soudatt Éilereng d'nächst Joer an der éischter Divisioun spillt, wougéint den AS Lëtzebuerg an der zweeter Divisioun untriede wäert.