De Miroslav Klose gëtt neien Trainer vum 1. FC Nürnberg

© SID/IMAGO/GEPA pictures/ Wolfgang Jannach
Den Zweetligist ka sech d'Déngschter vum fréiere Futtball-Weltmeeschter Miroslav Klose sécheren.
De 46 Joer ale Klose war vu Juli 2022 bis Mäerz 2023 Trainer vum SCR Altach, nodeems e virdru Co-Trainer beim FC Bayern München war, dat ënnert der Regie vum Hansi Flick.
Zanter Mäerz 2023 war hien ouni Veräin. Elo koum dann d'Nouvelle, dass de Miroslav Klose Nofollger vum Christian Fiél gëtt, dee vun Nürnberg bei Hertha BSC gewiesselt ass.
Dem Klose säin Numm war vun italieenesche Medien och am Zesummenhang mat Lazio Roum genannt ginn, nodeems do den Igor Tudor no just 3 Méint als Cheftrainer zeréckgetruede war.
De Klose war als Spiller scho ganz erfollegräich. Ënnert anerem ass de fréieren däitschen Nationalspiller nach ëmmer dee Fussballer mat de meeschte Goler bei Weltmeeschterschaften. 16 huet hien där op den Turnéiere markéiert. Mat 15 huet de Brasilianer Ronaldo déi zweetmeeschte Goler.