England no Eelefmeterschéisse weider, Holland bezwéngt d'Tierkei
Holland setzt sech 2:1 géint d'Tierkei duerch, huet awer mussen zidderen. England setzt sech am Eelefmeterschéisse 6:4 géint d'Schwäiz duerch.
No enger glécklecher Victoire zu Düsseldorf steet England an der Halleffinall. Do treffe si op Holland, dat sech géint eng kämpferesch Tierkei duerchsetze konnt.
England - Schwäiz 6:4 n.E. (1:1, 0:0)
0:1 Embolo (75'), 1:1 Saka (80')
Ënnert den Ae vum englesche Krounprënz William koum d'Schwäiz besser an de Match an hat an der 9. Minutt déi éischt geféierlech Aktioun virum englesche Gol. Méi sollt am éischten Duerchgang awer net eraussprangen, well England ëmmer méi d'Kontroll iwwer de Match iwwerholl huet. Den Harry Kane hat an der 18. Minutt déi éischt Méiglechkeet fir England aus 18 Meter, mee de Ball konnt vum Schwäizer Rodriguez ofgelenkt ginn. Uschléissend hat England wuel weiderhi méi Ballbesëtz, mee ass net méi geféierlech an de Strofraum vun den Eidgenosse komm. D'Schwäiz konnt sech vereenzelt duerch Konterattacke befreien. Alles an Allem war et eng duerchschnëttlech Leeschtung vu béiden Ekippen.
Déi zweet Hallschent huet direkt mat méi Tempo ugefaangen an d'Schwäiz konnt den éischte Schoss op de Gol verbuchen. Duerno huet d'Schwäiz de Match méi an de Grëff kritt an et war just eng Fro vun der Zäit, bis e Gol géif falen. An der 75. Minutt war et esou wäit: Den Embolo konnt eng ofgefälscht Flank aus kuerzer Distanz verwäerten. England war bis dohin nach mam Kapp an de Vestiairen; mee 5 Minutte méi spéit konnt de Saka mat engem schéine Wäitschoss aus 18 Meter den Ausgläich markéieren. D'Schwäiz hätt d'Verlängerung mat der leschter Aktioun nach kënnen evitéieren, mee hat net dat néidegt Gléck.
An der Verlängerung gouf et fir England keng nennenswäert Chance bis op déi vum Declan Rice an der 95. Minutt, deen aus 20 Meter ofgezunn hat, mee de Sommer am Schwäizer Gol krut sech laang genuch gemaach. D'Schwäiz ass an de leschte Minutten nach eng Kéier ugerannt an hätt, wéi an der regulärer Spillzäit, de Sak zoumaache kënnen. Am Eelefmeterschéissen huet den Akanji direkt den éischten Eelefmeter fir d'Schwäiz leie gelooss, wärend d'Englänner all Ball vum Punkt verwandelt hunn.
Holland - Tierkei 2:1 (0:1)
0:1 Samet Akaydin (35'), 1:1 de Vrij (70'), 2:1 Müldür (76', Eegegol)
Déi éischt hallef Stonn zu Berlin war zimmlech chancenaarm. Keng vu béiden Ekippe konnt sech eng kloer Golchance erschaffen an de Ball huet sech haaptsächlech am Mëttelfeld erëmfonnt. Holland hat am Ufank méi vum Match, gouf awer ëmmer méi passiv, wat der Tierkei an d'Kaarte gespillt huet, déi sech haaptsächlech op hir Defense konzentréiert haten. An der 35. Minutt konnt de Samet Akaydin no enger Flank zum 1:0 akäppen, d'Verteidegung an de Golkipp hate keng Méiglechkeet de Ball ofzewieren. Mat dësem Resultat sollt et och an d'Kabinne goen.
Et huet een Oranje ugesinn, dass si sech fir déi zweet Hallschent eppes virgeholl haten, mee et waren d'Tierken, déi sech déi éischt gutt Chance erausgespillt hunn. De jonken Arda Güler huet einfach emol ofgezunn, huet awer just de Potto getraff. An der 65. Minutt hat d'Tierkei eng 100-prozenteg Golgeleeënheet, mee den hollännesche Golkipp konnt paréieren.
An enger Phas, an där den 2:0 an der Loft houng, huet Holland duerch den de Vrij zougeschloen; de Verteideger konnt eng Flank vum Eelefmeterpunkt aus an de Gol käppen. Den zweete Streech sollt den Hollänner 6 Minutten duerno geléngen, woumat si de Match zu hire Gonschten dréine konnten: No enger flaacher Pass an de Strofraum hunn de Gakpo an de Müldür ëm de Ball gekämpft an den Tierk huet de Ball an den eegene Gol ofgelenkt. Et war den entscheedende Gol fir Oranje. Uschléissend huet d'Tierkei alles no vir geheit, mee och dräi gutt Chancë sollten net de Wee an den hollännesche Filet fannen.