E Samschdeg goufen am Stade Achille Hammerel um Verluerekascht d'Halleffinallen an d'Finall vum neien LFL-Supercup ausgedroen.

E Samschdeg war déi éischt Editioun vum Supercup vun der LFL. Hei sinn déi véier Ekippen ugetrueden, déi an der Saison 2024/25 an den europäesche Kompetitiounen un de Start ginn. D'Matcher goungen iwwer 45 Minutten. Donieft goufen déi aner Formatioune fir déi nei Saison presentéiert.

Nodeem sech de Champion Déifferdeng an der éischter Halleffinall 8:7 am Eelefmeterschéisse géint Stroossen duerchsetze konnt, hat Nidderkuer den F91 Diddeleng am zweete Match 1:0 bezwongen. Soumat gouf et eng Finall tëscht de Lokalrivalen aus der Cité du Fer.

Wéi an der éischter Halleffinall sollt et no 45 Minutten 0:0 stoen, woumat et direkt zum Eelefmeterschéisse koum. Nodeem Déifferdeng am viregte Match nach dat néidegt Gléck vum Eelefmeterpunkt hat, sollt et dës Kéier anescht ausgoen. De Coupegewënner Nidderkuer huet sech mat 5:3 duerchgesat an ass den éischte Gewënner vum LFL-Supercup.

Am Spill ëm Plaz 3 hunn d'Spectateuren um Verluerekascht vill méi Goler ze gesi kritt. Hei huet sech Stroossen an der regulärer Zäit 3:2 géint Diddeleng behaapt.

RTL

© Serge Olmo