Portrait Arnaud StarkFacettëräich Tätegkeeten als Trainer

RTL Lëtzebuerg
Den Arnaud Stark ass zënter 10 Joer den Trainer vun der Patrizia Van der Weken. Den Alldag vum Trainer Stark besteet aus ville verschiddene Saachen.
Portrait vum Arnaud Stark
D’Tätegkeete vum Trainer vun der Patrizia Van der Weken si facettëräich.

Nieft dem Training an der Preparatioun op d’Kompetitiounen leien d’Aufgabe vum Trainer Arnaud Stark am Beräich Kapp-Management an och d’Geréiere vun den Emotioune wärend enger Kompetitioun.

Wéi der Patrizia Van der Weken mat enger 4. Plaz bei der Europameeschterschaft zu Roum de Sprong an d’europäesch Spëtzt gelonge war, hat dat och nei Defie fir de Coach mat sech bruecht. De Kapp misst sech an der Zäit tëscht enger Halleffinall an enger Finall op déi nei Situatioun gutt astellen, wat e gudde Management bräicht, mengt den Trainer.

Den Arnaud Stark war viru senger Trainerkarriär selwer en erfollegräiche franséische Sportler am 10-Kampf.

Back to Top
CIM LOGO