Patrizia van der Weken wënnt Diamond-League-Meeting zu Paräis
Et war déi éischt Kéier, datt d'Lëtzebuergerin bei engem Diamond-League-Meeting mat dobäi war.
Bei engem Liichtathletik-Meeting vun der Diamond League zu Paräis huet d'Patrizia van der Weken e Sonndeg d'Course iwwer 100 Meter gewonnen. Mat engem Chrono vun 11 Sekonnen a 6 Honnertstel ass d'Lëtzebuergerin just 6 Honnertstel iwwer hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen.
D'Lëtzebuergerin huet sech virum Gina Bass Bittaye aus Gambia (+11,09) an dem Ewa Swoboda aus Polen (+11,16) behaapt.
D'Ewa Swoboda hat sech op der EM am Juni Sëlwer geséchert. Hei war d'Patrizia van der Weken déi 4. ginn.
Zwee nei Weltrekorder
Beim Diamond-League-Meeting zu Paräis goufen och zwee nei Weltrekorder opgestallt.
D'Ukrainerin Jaroslawa Mahutschich huet de 37 Joer ale Weltrekord am Héichsprong ëm een Zentimeter op elo 2 Meter an 10 Zentimeter verbessert.
D'Kenianerin Faith Kipyegon huet kuerz drop de Weltrekord iwwer 1.500 Meter verbessert. An 3:49:04 Minutte war déi zweefach Olympiagewënnerin 0,07 Sekonne méi séier wéi am Juni 2023 zu Florenz, wéi si selwer fir de Weltrekord gesuergt hat.