Domadder kënnt et zum Remake vun der Finall vun zejoert.

De Carlos Alcaraz huet sech e Freideg fir d'Finall zu Wimbledon am Tennis qualifizéiert. De Spuenier huet a 4 Sätz mat 6:7 (1:7), 6:3, 6:4 a 6:4 géint den Daniil Medvedev gewonnen. Den 21 Joer alen Tennisspiller kritt et an der Finall mam Novak Djokovic ze dinn. De Grand-Slam-Rekordgewënner, dee 16 Joer méi al wéi de Spuenier ass, huet sech an dräi Sätz mat 6:4, 7:6 (7:2) a 6:4 géint den Italiener Lorenzo Musetti behaapt.
 
Domadder sti sech genee wéi zejoert den Novak Djokovic an de Carlos Alcaraz an der Wimbledon-Finall géintiwwer. Den Alcaraz hat d'lescht Joer d'Finall fir sech entscheet. Wéi et dëst Joer ausgeet, kënnt Dir vu 14.50 Auer u live op RTL ZWEE an RTL.lu suivéieren.