Nom Ofstig aus der Ligue 1 kann de franséische Club och an der zweeter Divisioun op seng Supporter zielen.

An zwou Woche geet an der franséischer Ligue 2 nees de Championnat lass. Wéi den FC Metz e Méindeg matgedeelt huet, hunn elo schonn iwwer 14.000 Supporteren een Abonnement ofgeschloss, fir d'Heemmatcher vun de Grenats an der Saison 2024/25 ze suivéieren. Dat sinn der sou vill wéi nach ni fir de Metzer Veräin.

Am Stade Saint-Symphorien, deen am Ganze knapp 29.000 Plazen huet, bleift d'Tribune Est Basse fir déi ganz Saison op Grond vu Renovéierungsaarbechten zou. Trotzdeem wäert et fir déi 17 Partië zesumme mam Verkaf vun den Eenzeltickete gutt gefëllt sinn. Den éischte Match ass den 19. August um 20.45 Auer, wou den SC Bastia mam Lëtzebuerger Nationalspiller Florian Bohnert op Besuch ass.