118 Triathleetinnen an Triathleete sinn zu Wäiswampech un den Depart vun der olympescher Distanz gaangen.

Zesumme mat all deenen anere Kompetitiounen, déi iwwer de Weekend organiséiert goufen, waren et der am Ganze ronn 600.

Zanter dass en neit Team d'Organisatioun iwwerholl huet, fält op, dass souwuel qualitativ wéi och quantitativ manner belsch Athleeten um Depart sinn.
 
Aus Lëtzebuerger Siicht gouf souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen ëm de Championstitel gekämpft. De Lucas Cambresy huet direkt vun Ufank u fir kloer Verhältnisser gesuergt. Zesumme mam Dieter Boye hunn déi 2 um Vëlo Gaass ginn, mat bis zu 70 Kilometer an der Stonn an der Descente. Zu Wäiswampech geet et net nëmme biergof, mee och biergop. Um Lafparcours koum dann och nach am Bësch de Bulli mat an d'Spill.
 
De Lucas Cambresy hat zum Schluss am Zil d'Nues vir, dat virum Belsch Dieter Boeye. De Lucas Cambresy gëtt domadder Champion, dat virum Aurélien Carré an dem Poli Stoffel.

Bei den Dammen huet d'Mara Krombach säin éischten Triathlon iwwer déi Olympesches Distanz zréckgeluecht a gëtt direkt Championne virun der Gewënnerin vum Réimecher Ironman dem Anne Reiser.
 
Déi 1. Plaz am Generalklassement ass fir d'belsch Triathleetin Odil Witteman. Aus Lëtzebuergescher Siicht huet de Nowuess alt erëm eng Kéier d'Akzenter gesat.