Victoirë fir Barreiro an Olesen, Rodrigues mat Rout vum Terrain geflunn

© AFP
A Polen ass de Sébastien Thill a Schlagdistanz zur Tabellespëtzt.
Sonndeg
Am belsche Championnat ass et weider een duerchwuessene Start fir Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris. E Sonndeg huet een auswäerts géint St. Truiden 0:0 gläich gespillt. D'Lëtzebuerger Nummer 1 stoung de komplette Match am Gol. No fënnef Spilldeeg gouf et zwou Victoiren, zwee Remisen an eng Néierlag.
An der 1. Bundesliga an Däitschland huet St. Pauli mat 0:2 géint Heidenheim de Kierze gezunn. Den Danel Sinani souz bei den Hamburger de ganze Match op der Bänk.
Samschdeg
A Portugal huet de Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro mat 1:0 géint Estrela Amadora gewonnen. Den decisive Gol huet de Kökçü an der 19. Minutt geschoss. De Barreiro stoung 90 Minutten um Terrain. Fir Benfica gouf et an dëser Saison bis ewell zwou Victoiren an eng Néierlag.
An der 2. Bundesliga an Däitschland huet den 1. FC Köln e Samschdeg den Owend seng éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. No Goler vun Hübers (26'), Ljubicic (34', 61'), Lemperle (58') a Waldschmidt (88') huet ee Braunschweig mat 5:0 geklappt. Um Succès bedeelegt war och de Mathias Olesen. De Lëtzebuerger Nationalspiller war an der 86. Minutt agewiesselt ginn.
Wärend an Europa de Ball an de meeschte Ligen déi lescht Wochen erëm ugefaangen huet mat rullen, ass de Spillbetrib a China scho méi laang amgaangen. Um 20. Spilldag huet d'Ekipp vum Gerson Rodrigues, Guangxi Pingguo Haliao, 0:0 mat Shijiazhuang Gongfu gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung wuel an der Startformatioun, huet awer just eng hallef Stonn vum Match matkritt. An der 29. Minutt gouf hie mat Rout vum Terrain verwisen.
An der polnescher Liga huet Stal Rzeszow mat Odra Opole 2:2 gedeelt. De Sébastien Thill stoung 90 Minutten um Terrain. Rzeszow huet zee Mol engem Réckstand mussen hannendru lafen, konnt awer nach kuerz viru Schluss den Ausgläich markéieren. No 7 gespillte Matcher steet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller op der zweeter Plaz, huet awer ee Match méi wéi den Éischten an den Drëtten.
An der Eredivisie an Holland huet den Enes Mahmutovic missen nokucken, wéi säi Veräin Utrecht mat 2:1 zu Breda gewonnen huet.