D'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp preparéiert sech den Ament op den Duell géint Neiséiland de 14. am 15. September.

An deem Kader sinn déi Lëtzebuerger Tennisspiller den Ament zu Hong Kong. Hei konnt de Chris Rodesch seng aktuell gutt Form ënner Beweis stellen. Hie wënnt den M25-Torunoi, dee mat 25.000 Dollar dotéiert ass.

An der Finall huet hie sech mat 7:5 a 6:4 géint d'Nummer 334 op der Welt Alexey Zakharov behaapt.