Spuenien wënnt an Ënnerzuel mat 4:1, Ronaldo schéisst Portugal zur Victoire

© Fabrice Coffrini / AFP
Donieft gouf et Victoirë fir Dänemark, Kroatien, d'Slowakei souwéi Schweden. Am Match tëscht Gibraltar a Liechtenstein gouf et iwwerdeems kee Gewënner.
Nodeems e Sonndegmëtteg schonn d'Lëtzebuerger am Kader vun der Nations-League-Qualifikatioun am Stade de Luxemboug am Asaz waren an do hire Match géint Belarus mat 0:1 verluer hunn, goufen e Sonndegowend a weidere Gruppen d'Matcher vum zweete Spilldag gespillt. An den Topmatcher vum Owend konnte sech Spuenien mat 4:1 géint d'Schwäiz souwéi Portugal mat 2:1 géint Schottland duerchsetzen.
De Resumé vum Match Schwäiz - Spuenien
Am éischten Topmatch vum Owend hunn d'Spuenier auswäerts an der Schwäiz missen untrieden. De frëschgebakenen Europameeschter ass gutt an de Match gestart a louch schonn no véier Minutte mat 1:0 a Féierung. Et war de Joselu, deen no enger schéiner Flank vum Yamal, de Ball zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol vun der Schwäiz ënnerbrénge konnt. Genee 10 Minutten drop huet et du fir eng zweete Kéier gerabbelt an dëst nees am Schwäizer Gol. Dës Kéier war et de Fabian, deen e Gol fir d'La Roja markéiere konnt. D'Spuenier waren deemno sensationell gutt an de Match gestart an et huet dono ausgesinn, wéi wa si d'Schwäizer iwwerrenne géingen. Allerdéngs huet déi rout Kaart vum Le Normand an der 21. Minutt d'Ugrëffsbeméiunge vun de Spuenier gestoppt an d'Lokalekipp ass ëmmer besser an de Match komm. Mat engem Mann méi um Terrain hu si de Match an d'Hand geholl an d'Spuenier ëmmer méi an hir eegen Hallschent gedréckt, soudatt si an der 42. Minutt duerch den Amdouni den Uschlossgol markéiere konnten. Mat dësem Score ass et dunn och op den Téi gaangen.
An der zweeter Hallschent stoungen d'Spuenier nach méi déif an hirer Hallschent a si hunn d'Schwäizer komme gelooss, déi sech géint eng gutt gestaffelt spuenesch Defense schwéier gedoen hunn, fir sech Chancen ze kreéieren. An der 67. Minutt haten d'Eidgenossen dunn op eemol eng riseg Occasioun fir den 2:2-Ausgläich ze markéieren. Allerdéngs huet den Amdouni de Ball aus aacht Meter iwwert de Gol gesat. Mä et waren awer d'Spuenier déi deen nächste Gol markéiere sollten. Nees war et de Fabian, deen an der 77. Minutt säin zweete Gol markéieren an domadder d'Spuenier op d'Gewënnerspuer brénge konnt. An der 80. Minutt huet de Ferran Torres dunn de Sack mam 4:1 endgülteg zougemaach. Mam Score vu 4:1 sollt et dunn och op en Enn goen, soudatt d'Spuenier, no enger verréckter Ufanksphas, verdéngt mat 4:1 an Ënnerzuel an der Schwäiz gewanne kënnen
De Resumé vum Match Portugal - Schottland
Am zweeten Topmatch tëscht Portugal a Schottland gouf et fir d'Lokalekipp scho fréi am Match eng kal Dusch. D'Portugise sinn nämlech scho vun der 7. Minutt un engem 0:1-Réckstand nogelaf. Dëst nodeems de McTominay eng schéi Flank vum McLean aus fënnef Meter per Kapp verwäerte konnt. D'Portugisen hu sech vum fréie Géigegol net aus der Rou brénge gelooss a ware beméit, eng direkt Äntwert ze liwweren. Allerdéngs ass dës ausbliwwen. Entweder hat de schottesche Golkipp Gunn eppes dogéint an huet glänzend paréiert oder bei de portugiseschen Offensivspiller huet et un der néideger Prezisioun gefeelt, soudatt hir Ofschlëss de Wee guer net op de Gol fonnt hunn. Et ass deemno mat enger knapper 1:0-Avance fir d'Schotten op den Téi gaangen, eng Avance déi duerchaus glécklech war, esou war deen eenzege Golschoss vun den Schotten an der éischter Hallschent och dobannen.
Nom Téi huet d'Lokalekipp den Drock weiderhin héich gehalen a sech dunn och fir hir Méie belount. An der 54. Minutt konnten d'Portugisen am Numm vum Bruno Fernandes egaliséieren. Beim Gol hunn d'Portugisen allerdéngs vun engem Lapsus vum Gunn am schottesche Gol profitéiert, wat hinnen an deem Ament sécherlech egal war. Allerdéngs war nom 1:1 Schottland nees déi besser Ekipp um Terrain. Mä McTominay, McGinn, Christie a Co. hu sech schwéier gedoen, fir zwéngend Schëss a Richtung Gol vum Diogo Costa lasszeloossen. An der Schlussphas hunn d'Portugisen awer nach eng Kéier voll opgedréint, allerdéngs si souwuel de Joao Felix, ewéi och de Bruno Fernandes mat hire Grousschancen um Gunn verzweiwelt, soudatt dëse säi Feeler beim Géigegol nees guttgemaach huet. An der 88. Minutt konnt de Gunn dem Ball awer just nach nokucken, wéi dësen hannert him am Gol ageschloen ass. Den agewiesselte Cristiano Ronaldo sollt säin 901. Gol a senger Karriär markéieren an domadder Portugal mat 2:1 a Féierung bréngen. Schottland huet duerno nach eng Kéier alles probéiert, mä et sollt näischt notzen, soudatt si sech um Enn mat 1:2 géint Portugal musse geschloe ginn.

© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP
Déi aner Resultater vun der Nations League am Iwwerbléck
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.
Ekippen