E Sonndegmëtteg stoung fir d'Rout Léiwen am Kader vun der Nations-League-Campagne den zweete Spilldag um Programm. Op dësem ass et géint Belarus gaangen.

De Match vun de Roude Léiwen e Sonndeg hat am Virfeld scho fir Schlagzeile gesuergt. Esou gouf et scho Wochen am Viraus Diskussioune ronderëm d'Qualitéit vum Wues am Stade de Luxembourg an och de Gerson Rodrigues war nees negativ opgefall. Dowéinst gouf hien op en Neits aus dem Kader gestrach.

Vun dësen Nouvellen an och vum schlechte Match an Nordirland en Donneschdeg hu sech d'Lëtzebuerger an der éischter Hallschent awer net beaflosse gelooss. Si hunn eng gutt Reaktioun gewise souwéi montere Futtball gespillt, konnten hir Iwwerleeënheet awer net an e Gol ëmmënzen.

Allerdéngs hu si an der zweeter Hallschent nogelooss, soudatt Belarus ëmmer méi an de Match fonnt huet an zu Golchancë komm ass. Eng vun dëse Chancen huet dee Wee an de Lëtzebuerger Gol fonnt, soudatt d'Rout Léiwe mat 0:1 géint Belarus verléieren an no zwee Matcher mat 0 Punkten op der leschter Plaz am Grupp stinn.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Am RTL-Interview den Nationaltrainer Luc Holtz an d'Spiller Danel Sinani an Dirk Carlson.

De Resumé vum Match Lëtzebuerg - Belarus

Lëtzebuerg - Belarus 0:1

0:1 Gromyko (76')

D'Lëtzebuerger hu sech an der Ufanksphas schwéier gedoen, fir an de Match ze fannen. Esou haten d'Belarussen an den éischte fënnef Minutte vum Match dacks de Ball an hunn esou d'Lëtzebuerger an hir eegen Hallschent gedréckt. D'Gäscht sinn esou och séier zu hirer éischter Chance komm: Allerdéngs konnt de Bakhar op Säite vu Belarus, deen no engem Corner mam Kapp un de Ball komm ass, de Ball an der 5. Minutt net cadréieren. Doropshin hunn d'Lëtzebuerger awer besser an de Match fonnt a sinn zu eegene Chancë komm. Schonn an der 7. Minutt kruten d'Spectateuren eng grouss Occasioun ze gesinn: Den Olesen huet de Ball vun der rietser Säit an de Strofraum geflankt, wou de Bohnert op de Ball gelauert an dëse mam Kapp a Richtung Gol gekäppt huet. Allerdéngs konnt de belarussesche Golkipp dës Chance entschäerfen. Mä schonns an der 16. Minutt gouf et déi nächst gutt Occasioun. Eng laang Flank vum Jans vun der lénker Säit ass ëmmer méi laang ginn an ass u Mann a Maus laanschtgeflunn a bal am belarussesche Gol ageschloen. Just ëm Zentimeter ass de Ball hei nieft de Gol geflunn.

D'Lëtzebuerger hunn och am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent monter opgespillt a konnte mat hirem schéinen a séiere Kombinatiounsspill iwwerzeegen. Esou hate souwuel de Barreiro ewéi och den Olesen nach eng gutt Méiglechkeet, ier datt an der 29. Minutt vill Lëtzebuerger de Ball schonn am Gol gesinn haten. Allerdéngs konnt den Dzogovic no engem Corner de Ball aus kierzter Distanz net am Gol ënnerbréngen, genee esou wéi de Jans mat sengem Schoss per Volley aus gutt 10 Meter an der 36. Minutt.

D'Belarusse goufe vun de Roude Léiwe schéin a Schach gehalen, soudatt dës just mat Verdeedegen amgaange waren a si selwer nëmme seele geféierlech virum Gol vum Moris opdauche konnten. Just an der 43. Minutt ass et eng Kéier geféierlech ginn, allerdéngs konnt de Moris e Kappball vum Zabelin sécher deviéieren an d'Lëtzebuerger den uschléissende Corner klären, soudatt et och fir Belarus kee Gol an der éischter Hallschent gouf. Deemno goufe béid Formatioune mam Score vun 0:0 op den Téi geschéckt. Woubäi d'Lëtzebuerger sech awer hu misse virgeheien, hir Iwwerleeënheet net an e Gol ëmgemënzt ze hunn.

Nom Téi waren d'Belarusse méi aggressiv a si sinn d'Lëtzebuerger méi héich siche gaangen. Esou hu si sech ëmmer méi dacks an de Strofraum vun de Lëtzebuerger gespillt, ouni awer e Schoss a Richtung Gol vum Moris lasszeloossen. Réischt an der 60. Minutt sinn d'Lëtzebuerger nees erwächt an hunn hirersäits probéiert, e Gol ze markéieren. An der 62. Minutt wier dëst och bal geschitt. Dëst nodeems de Sinani vum Barreiro an d'Lach geschéckt gouf. Allerdéngs konnt de Lëtzebuerger in Extremis am Strofraum vum Ball getrennt ginn, soudatt d'Belarussen d'Chance entschäerfe konnten. An der 67. Minutt war et dunn den agewiesselten Thill, dee sech en Häerz gefaasst huet an aus der Distanz ofgezunn huet. Mä och dëse Schoss huet säi Wee net an de belarussesche Gol fonnt an ass nieft dem Gol gelant.

Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an am weidere Verlaf ass d'Gangaart um Terrain méi haart ginn, soudatt de Match och méi dacks ënnerbrach gouf, wat de Lëtzebuerger Spillfloss e bësse gestéiert huet, soudatt och d'Konzentratioun an der Defense nogelooss huet. Dëst wier de Roude Léiwen an der 73. Minutt bal deier ze stoe komm. Allerdéngs ass dem Kireev de Ball am 10-Meter-Raum ze wäit no fir gesprongen, soss hätt dësen aus kierzter Distanz ongestéiert a Richtung Moris ofzéie kënnen. Kuerz drop sollt dunn awer den 1:0 fir d'Gäscht falen. D'Lëtzebuerger stoungen op en Neits ze wäit vun hire Géigespiller fort, soudatt de Gromyko vill Zäit hat, e laange Ball unzehuelen an dësen an der 76. Minutt aus gutt 20 Meter zum 1:0 fir seng Faarwen an de Gol gezierkelt huet.

De Géigegol huet d'Rout Léiwen destabiliséiert. Dës konnten zwou Minutten nom Géigegol nämlech vu Chance schwätzen, datt de Kireev net op 2:0 erhéicht huet an datt de Moris de Schoss vum Belaruss entschäerfe konnt. D'Lëtzebuerger sinn um Enn ferm geschwommen an hunn net méi an de Match fonnt, soudatt d'Belarusse sech ëmmer méi Chancë kreéiere konnten. Esou huet de Moris an der 85. Minutt nees géint de Kireev paréiere missen, deen op en Neits fräi duerch war. Um Enn konnten d'Lëtzebuerger keng weider Occasioun méi verbuchen, soudatt si mat 0:1 géint Belarus verléieren an dëst, op mannst op déi zweet 45 Minutte gekuckt, och an d'Rei geet.

RTL

© Roland Miny

Bulgarien - Nordirland 1:0

1:0 Despodov (40')

Am anere Match am Grupp vun de Lëtzebuerger konnte sech d'Bulgare mat 1:0 géint d'Nordiren duerchsetzen. Dëst duerch e Gol vum Despodov an der 40. Minutt. Domadder deelt sech Bulgarien déi éischte Plaz mat Belarus. Allebéid hu se véier Punkten. Déi drëtte Plaz beleet Nordirland, déi dräi Punkten um Kont hunn. Op der leschter Plaz sinn d'Rout Léiwe mat 0 Punkten.

E Bléck hannert d'Kulissen

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen