Vill Kaarten, wéineg Golchancen a kee Gewënner hunn déi 1525 Spectateuren zu Déifferdeng gesinn. Monnerech bleift och nom Trainerwiessel ouni Punkten.

Nodeems um Samschdeg schonns ënner anerem Diddeleng 1:0 zu Stroossen gewonnen hat, stoung um Sonndeg d'Suite vum 7. Spilldag um Programm.

De Resumé vum 7. Spilldag

An der Spëtzepartie gouf et en 0:0-Remis tëscht Déifferdeng an Hesper. Direkt an der éischter Minutt gouf et zu Déifferdeng den éischten Opreeger. De Joca ass no enger Pass vum Jorginho eleng op de Gol gelaf. Am Strofraum ass hien no engem Zweekampf mat Dupire gefall. Den Arbitter huet awer op Schwalb entscheet an net op de Punkt gewisen. An der Suite hu sech béid Ekippen neutraliséiert an et goufe kaum Méiglechkeeten. Den Abitter huet och misse vill Kaarte weisen.

Nom Téi koum d'Heemekipp direkt geféierlech virun de Gol. Am Strofraum ass awer keen Déifferdenger un de Ball komm, nodeems den Dupire de Ball net festhale konnt. An der 69. Minutt kruten de Jorginho an den Trainer vun Déifferdeng Pedro Resende déi giel-rout Kaart gewisen an d'Gäscht waren an Iwwerzuel. Hesper huet sech doropshin e puer Méiglechkeeten erausgespillt, e Gol sollt awer net méi falen. An der Tabell bleift Déifferdeng mat engem Punkt Virsprong op de Progrès op der 1. Plaz.

An der 2. Partie huet Rouspert 2:0 géint Monnerech gewonnen. Donieft gouf et eng 1:2-Defaite fir Beetebuerg géint d'Jeunesse.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Déifferdeng - Hesper 0:0

Rouspert - Monnerech 2:0

1:0 Markvoort (8'), 2:0 Bouché (72')

Beetebuerg - Jeunesse 1:2

0:1 Garos (45'), 0:2 Borger (66'), 1:2 Merino (90+5')
Stroossen - Diddeleng 0:1
0:1 Stumpf (69')

Fola - Hueschtert 0:4
0:1 Alverdi (43'), 0:2 Quinol (46'), 0:3 Avdusinovic (78', Eelefmeter), 0:4 Zilli (83')

Rodange - Péiteng 0:0

Racing - Munneref 3:0
1:0 Sow (41'), 2:0 Mabella (52', Eelefmeter), 3:0 Ikene (67')

Wolz - Progrès 1:2
0:1 Burban (6'), 1:1 Saidi (30'), 1:2 Mixtur (81')

D'Tabell