Des Woch stinn 1/16-Finalle an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären um Programm.

Am Fokus stoung virun allem dat eenzeg Duell tëschent zwou Ekippen aus der Enovos League, Hiefenech géint Mamer. Dëse Match sollt eréischt an der Schlussphas entscheet ginn. D'Gäscht hunn an der zweeter Hallschecht e klenge Réckstand opgeholl an sech um Enn mat 84:81 duerchgesat. 4 Spiller vu Mamer hunn dobäi mindestens 13 Punkte markéiert, den Anthony Brown hat um Enn 25 Punkten um perséinleche Kont stoen.

Den AB Conter hat keng Schwieregkeeten fir den 10-Punkte-Réckstand zu Schieren séier opzehuelen a setzt sech um Enn mat 86:52 duerch. Den zweete Véierel konnten d'Gäscht mat 23:2 fir sech entscheeden an de Match duerno geréieren.

An zwee weidere Matcher stounge sech Ekippen aus der Nationale 2 géintiwwer. De Gréngewald Hueschtert konnt sech no engem enke Match mat 76:68 géint de BC Mess behaapten, donieft wënnt Black Star Miersch mat 68:56 géint Nitia Beetebuerg. D'Musel Pikes stinn no enger Forfait-Victoire géint Clierf am nächsten Tour.

Um Doneschdeg hunn sech d'Kordall Steelers aus der Nationale 2 géint Avanti Munneref aus der Enovos League duerchgesat. D'Gäscht sinn dem 10-Punkte-Réckstand laang hannendru gelaf a konnten eréischt kuerz viru Schluss den Uschloss fannen, et sollt awer net duergoen, fir de Match ze dréinen, de Kordall setzt sech mat 82:78 duerch.

D'Sparta Bartreng huet Wolz aus der Nationale 3 mat 137:51 iwwerrannt, Zolwer hat och keng Schwieregkeete fir sech 107:49 géint d'East Side Pirates ze behaapten an de Racing Lëtzebuerg steet no enger 100:76-Victoire géint Hesper am nächsten Tour.

En Dënschdeg hat sech Bascharage aus der Nationale 2 mat 82:46 géint de Préizerdall aus der Nationale 3 duerchgesat. Um Donneschdeg sti 4 weider Partien um Programm, spillfräi an domat direkt an der Aachtelsfinall sinn déi stäerkste sechs Ekippe vu leschter Saison (Amicale Steesel, T71 Diddeleng, Basket Esch, Résidence Walfer, Arantia Fiels an d'Etzella Ettelbréck). E Samschdeg den Owend ass den Tirage vun den Aachtelsfinallen, déi de 16. a 17. Oktober gespillt ginn.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck