Souwuel den T71 Diddeleng wéi och de Gréngewald Hueschtert hunn dës Saison annoncéiert, den Eurocup net ze spillen.

Mir hu bei de Veräiner nogefrot, wisou si dës Decisioun geholl hunn.
 
Bei den Diddelenger Dammen ginn et dës Saison eng Rei Changementer. Net nëmmen hannert den Kulissen, mee och um Terrain. D’Ekipp huet 3 Spillerinnen vun der Starting Five verluer an et sëtzt en neien Trainer op der Bänk. Dowéinst gouf Decisioun geholl, fir dëst Joer emol eng Paus ze maachen.
 
Beim Gréngewald ass et esou änlech. Och beim aktuelle Lëtzebuerger Champion gouf et an der Ekipp, deen een oder aneren Transfert. Ënnert dem Stréch ass déi och méi jonk ginn. Dowéinst huet den Veräin decidéiert, net am Eurocup unzetrieden.
 
De Budget fir international spillen ze kënnen, gouf beim T71 Diddeleng duerch Sponsoren, privat Donen oder och nach Eventer, déi Spillerinnen organiséiert hunn, generéiert. Wäertvoll Recetten, well fir déi zweet Saison huet T71 a punkto Eurocup an der Comptabilitéit schwaarz Zuele geschriwwen. D’lescht Saison huet d'Kompetitioun 70.000 Euro kascht.
 
De Gréngewald huet dës finanziell Mëttel ouni Sponsorgelder opgedriwwen. Am Ganzen ëm déi 60.000 Euro. Allerdéngs muss ee betounen, dass bei béide Veräiner net nëmmen d’Ekippëkonstellatioun a Finanzen zum Choix gefouert hunn, fir am Eurocup dës Saison ze passen.
 
Et ass vill Aarbecht, fir d’Matcher ze organiséieren. Och vun der FIBA kommen Direktiven, wéi zum Beispill, dass Partië musse gestreamt ginn. Et sinn och vill Benevollen am Asaz, déi net all vum neien Congé sportif profitéiere kënnen. Fir Frustratioun huet virun allem awer de Mangel un Interessi op Säite vun den Spectateure gesuergt.
 
Sportlech war et bestëmmt fir Spillerinnen eng flott Erfarung, fir géint Top-Ekippen aus Europa ze spillen. Ob e Lëtzebuerger Veräin awer an Zukunft nach emol am Europcup spille wäert, ass bis ewell nach net kloer.