De Champion Steesel klappt Diddeleng, d'Fiels wënnt den Derby géint Hiefenech

© Jeff Kettenmeyer
Um Weekend stoung den 2. Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an Hären um Programm.
Hären
D'Amicale Steesel notzt den Heemvirdeel a setzt sech mat 94:86 géint den T71 Diddeleng duerch. No enger intensiver Ufanksphas (27:27 nom éischte Véierel) huet d'Lokalekipp sech kuerz virun der Paus e Virsprong erausgespillt an dëse bis zum Schluss geréiert. 5 Spiller vun der Lokalekipp hunn zweestelleg markéiert, mat 29 Punkten huet den Jarvis Williams seng Qualitéiten ënnerstrach. Iwwerzeegt huet donieft den Nationalspiller Alex Laurent, deen och
op 29 Punkte koum.
D'Etzella Ettelbréck iwwerrennt Mamer mat 108:72. De Quatarrius Wilson (33 Punkten) an den Jimmie Lee Taylor (32) hunn allebéid offensiv staark Leeschtunge gewisen. D'Gäscht hunn an all Véierel op d'mannst 22 Punkte markéiert.
De Basket Esch hat keng Schwieregkeete fir sech mat 93:59 géint d'Musel Pikes duerchzesetzen. Eng ausgeglachen Ekippeleeschtung hunn d'Haushäre genotzt, fir de Match géint d'Miseler fréi ze entscheeden. D'Gäscht hunn nëmme véier Dräier getraff an hate 25
Ballverloschter ze verzeechnen.
Eng weider kloer Victoire gouf et fir d'Résidence Walfer. D'Lokalekipp huet den Opsteiger Munneref mat 109:74 deklasséiert. De Leon Ayers hat um Enn 41 Punkten um perséinleche Kont stoen, d'Résidence huet 14 Dräier getraff.
De Match zu Bartreng tëschent der Sparta a Contern gouf wéinst der Programméierung vun de Jugendmatcher, mat grousser Verspéidung ugepaff. An engem enke Match huet sech um Enn den AB Conter mat 84:83 géint d'Sparta Bartreng behaapt. No zwee ausgeglachene Véierel konnt sech Bartreng am drëtte Véierel méi kloer ofsetzen an huet bei nach 5 ze spillende Minutte wéi de Gewënner ausgesinn. Mee Conter koum nach eng Kéier erun. De Charel Moes huet den entscheedende Fräiworf Sekonne viru Schluss zum 84:83 eragesat. De Riley Gigsby konnt bei de Gäscht mat 33 Punkten eng staark Performance weisen.
Um Sonndeg koum et an der Fiels zum Derby tëschent der Arantia an dem Noper vun Hiefenech. Zu engem spannenden an ëmkämpfte Match sollt et awer net kommen, d'Lokalekipp huet de Match komplett dominéiert a louch an der Paus 61:33 a Féierung. D'Fiels huet an enger voller Hal méi aggressiv gespillt an d'Gäscht hu kee Rhythmus fonnt. De Fielsser Trainer huet vill rotéiert, verschidde Spiller konnten sech an Zeen setzen, um Enn wënnt d'Lokalekipp kloer mat 100:71.
Dammen
Bei den Dammen huet den T71 Diddeleng auswäerts zu Steesel schnell an de Match fonnt, insgesamt staark 28 Punkten am éischte Véierel markéiert an domat d'Kontroll iwwerholl. Steesel konnt sech net méi an de Match zeréckkämpfen a verléiert um Enn mat 72:90. Bei de Gäscht huet d'Joyce Isi Etute 23 Punkten a 14 Rebounds opgeluecht, d'Lauren Van Kleunen konnt 25 Punkten zur Victoire vun de Gäscht bäisteieren.
Enk war de Match zu Bartreng tëschent der Sparta an dem Géigner vu Contern. Um Enn huet d'Sparta d'Punkten awer doheem behalen a setzt sech 82:78 duerch. D'Gäscht hunn sech no engem schwaachen éischte Véierel zeréck an de Match gekämpft an hätte kuerz viru Schluss nach kënnen an d'Verlängerung goen, e Worf vum Lou Mathieu huet d'Zil allerdéngs verfeelt. Bei Bartreng hat d'Regan Schenck 23 Punkten um Kont stoen.
De leschte Worf vum Lou Mathieu geet derlaanscht
De Champion Gréngewald Hueschtert huet de Gäscht vu Wolz keng Chance gelooss. Mat 30:8 louch d'Lokalekipp nom éischte Véierel a Féierung, um Enn gouf et eng kloer 101:53 Victoire fir d'Ekipp vum Trainer Francois Manti. Der Profispillerin Alexus Johnson ass dobäi
en "triple double" gegléckt. Si huet 33 Punkten, 17 Rebounds an 10 Assists markéiert.
De Basket Esch setzt sech mat 74:69 géint d'Musel Pikes duerch, dat no engem staarke leschte Véierel vun der Heemekipp. D'Tatsiana Likhtarovich an d'Erynn Barnum hunn allebéid 20 Punkte fir d'Lokalekipp markéiert.