Tottenham klappt Manchester United, Bremen wënnt géint Hoffenheim

© AFP
Frankfurt konnt sech iwwerdeems géint Kiel duerchsetzen an Athletic Bilbao a Sevilla trenne sech 1:1.
Bundesliga
Holstein Kiel - Eintracht Frankfurt 2:4
0:1 Marmoush (25'), 1:1 Machino (30', Eelefmeter), 1:2 Matanovic (47'), 2:2 Machino (50'), 2:3 Marmoush (65'), 2:4 Tuta (74')
Frankfurt war zu Kiel déi besser Ekipp an ass duerch Marmoush a Matanovic zweemol a Féierung gaangen, ma de Machino konnt béid Kéieren bannent e puer Minutten ausgläichen. Nom 2:2 huet Kiel awer offensiv kaum méi stattfonnt, soudass de Marmoush an den Tuta hirer Ekipp déi dräi Punkten an déi zweet Tabelleplaz séchere konnten.
Hoffenheim - Werder Bremen 3:4
1:0 Bülter (5'), 2:0 Bülter (8'), 3:0 Hlozek (12'), 3:1 Malatini (21'), 3:2 Stage (26'), 3:3 Stage (39'), 3:4 Stage (49')
Hoffenheim louch géint Bremen no 12 Minutte scho mat 3:0 a Féierung, soudass et no engem rouege Nomëtteg ausgesinn huet. Ma kuerz dono krut den Hoffenheimer Nsoki eng rout Kaart, duerch déi Bremen nees erwächt ass. Nach an der éischter Hallschent hu Malatini a Stage op 3:3 gestallt, an no 49 Minutte hat de Stage d'Partie komplett gedréint. Bis zum Enn sollte keng Goler méi falen, woumat Bremen eng verréckt Partie zu Sinsheim gewënnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Ipswich Town - Aston Villa 2:2
1:0 Delap (8'), 1:1 Rogers (15'), 1:2 Watkins (32'), 2:2 Delap (72')
Manchester United - Tottenham Hotspur 0:3
0:1 Johnson (3'), 0:2 Kulusevski (47'), 0:3 Solanke (77')
Manchester United kënnt weiderhin net a Schwong. Schonn no 3 Minutten huet den Johnson no enger staarker Virlag vum Van de Ven den 1:0 markéiert. Kuerz virun der Paus huet mam Bruno Fernandes de Kapitän vun den Haushären eng rout Kaart kritt, a kuerz nom Téi konnt de Kulusevski erhéijen. Zu 10 waren d'Red Devils zwar beméit, ma wierklech geféierlech ass et virum Vicario sengem Gol kaum méi ginn. No 77 Minutten huet de Solanke dunn den Deckel dropgemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Torino - Lazio 2:3
0:1 Guendouzi (8'), 0:2 Dia (60'), 1:2 Adams (67'), 1:3 Noslin (89'), 2:3 Coco (90+2')
Roma - Venezia 2:1
0:1 Pohjanpalo (44'), 1:1 Cristante (75'), 2:1 Pisilli (83')
D'Roma huet sech géint Venedeg schwéier gedoen a louch no 45 Minutte verdéngt mat 0:1 a Réckstand. An der zweeter Hallschent huet d'Lokalekipp sech dunn awer Chance ëm Chance erausgespillt, soudass de Cristante an de Pisilli de Match spéit gedréint hunn. D'Roma bleift domat ënnert dem neien Trainer Ivan Juric weider ongeschloen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Toulouse - Lyon 1:2
1:0 Gboho (12'), 1:1 Nicolaisen (28', Selbstgol), 1:2 Fofana (90+5')
Laang huet et zu Toulouse duerno ausgesinn, dass Lyon weiderhi bei enger Victoire an der Ligue 1 bleift. D'Visiteuren hunn nees keng iwwerzeegend Leeschtung gewisen, ma an der Nospillzäit huet den agewiesselte Fofana fir de Lucky Punch gesuergt, woumat Lyon dräi wichteg Punkte feiere kann.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Celta Vigo - Girona 1:1
0:1 Herrera (38'), 1:1 Aspas (81')
Athletic Bilbao - Sevilla 1:1
1:0 Jauregizar (36'), 1:1 Padilla (90+3', Selbstgol)
An enger ausgeglachener Partie haten goufen et am éischten Duerchgang wéineg kloer Geleeënheeten, ma Bilbao ass duerch e Fräistouss a Chaos am Strofraum vu Sevilla a Féierung gaangen. D'Visiteure hu sech net opginn a waren no der Paus déi dominant Ekipp, ma kloer Occasiounen goufen et kaum. An der Nospillzäit ass de Ball dunn onglécklech vum Heem-Golkipp an den eegene Gol gesprongen, woumat Sevilla sech awer fir de groussen Opwand belount.