De Claude Lamberty ass als President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun mat senger Ekipp fir déi nächst 3 Joer zeréckgewielt ginn.

Op der Generalversammlung vun der FLT zu Bierden huet de Claude Lamberty eng gréisser Strukturreform vum Verband fir d'nächst Joer annoncéiert.

De Claude Lamberty

"Mir hunn ëmmer gesot, mir wéilten eis méi professionell opstellen an do si mer elo am éischte Schrëtt amgaang, méi an d'Formatioun an och an d'Kommunikatioun mat de lokale Veräiner ze investéieren. An an enger zweeter Phas wäerte mer och déi ganz Gouvernance vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun op de Leescht huelen, well mer mëttlerweil och dräi Pilieren an der FLT hunn, net méi just de klasseschen Tennissport, mee och de Paddel an och de Pickleball. Mir sinn eng Federatioun, déi all Dag wiisst, mer kréie Lizenze bäi an da sinn och natierlech d'Erausfuerderungen an och am infrastrukturelle Beräich d'Erausfuerderungen, déi gi vun Dag zu Dag méi grouss, soudass mer och probéieren, wéi gesot, dat Ganzt am Joer 2025 esou opgestallt ze kréien, dass mer eng esou grouss Federatioun och am Daily Business kënne besser geréieren."

Bei der FLT zielt ee mëttlerweil eng ronn 13.000 Lizenzen. Déi Lëtzebuerger Tennisfederatioun konnt och eng Persoun astellen, déi fir den Developpement, d’Formatioun an d’Kommunikatioun tëscht dem Verband an de Clibb zoustänneg ass.