En Dënschdeg gouf am Kader vun der neier Champions League den 2. Spilldag lancéiert. Op dësem konnt Arsenal am Top-Match vum Owend géint de PSG gewannen.

Am Top-Match vum Owend ka sech Arsenal mat 2:0 géint de PSG duerchsetzen. Et ass eng verdéngte Victoire fir d'Gunners, déi sech um Enn géint eng Paräisser Ekipp behaapten, déi iwwert de ganze Match gekuckt, vill ze wënschen iwwreg gelooss huet an ze spéit ugefaangen huet, no vir ze spillen.

An deenen anere Matcher hunn déi jeeweileg Favoritten alleguer wéineg ubrenne gelooss an hir Matcher souverän gewonnen. Esou ka sech Dortmund mat 7:1 géint Celtic Glasgow duerchsetzen, Manchester City gewënnt 4:0 zu Bratislava, Barcelona 5:0 géint d'Schwäizer vu Bern an Inter Mailand 4:0 géint Belgrad.

Fir eng kléng Iwwerraschung huet Brest gesuergt, déi och hiren zweete Match an der Kinneksklass vum internationale Futtball fir sech entscheede kënnen. D'Fransouse gewanne kloer mat 4:0 zu Salzburg a stinn domadder op enger Spëtzepositioun an der Champions League.

Den amtéierenden däitsche Meeschter vu Leverkusen bléift iwwerdeems och ongeschloen an der Kinneksklass. Um Enn ka sech d'Werkself mat 1:0 géint d'Gäscht vum AC Mailand duerchsetzen, déi no zwee Matcher 0 Punkten um Kont stoen hunn.

Arsenal - PSG 2:0
1:0 Havertz (20'), 2:0 Saka (35')

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Arsenal a PSG
Um Enn gewënnt Arsenal verdéngt mat 2:0 géint d'Fransouse vu Paräis

D'Spectateure kruten zu London e Match ze gesinn, deen an der Ufanksphas fir wéineg Spektakel gesuergt huet. Golchancë ware rar geseet a béid Formatiounen hu sech schwéier gedoen, fir am Stuerm Akzenter ze setzen. No 20 Minutte sollt dunn, e bëssen aus dem Näischt, den 1:0 fir d'Gunners falen. Dëst no enger schéiner Flank vum Trossard, déi den Havertz am Strofraum fonnt huet, deen de Ball mam Kapp dunn am Gol ënnerbruecht huet. Allerdéngs huet den däitschen Nationalspiller deen Ament och vun engem Feeler vum Donnarumma profitéiert, dee beim Géigegol net all ze gutt ausgesinn huet. De Géigegol huet déi Paräisser dunn erwächt, déi doropshin ëmmer besser an de Match fonnt hunn a sech och Golchancë kreéiert hunn. Esou huet de Mendes an der 28. Minutt mat sengem Distanzschoss de Potto vun der Lokalekipp zum Rabbele bruecht an den Hakimi huet an der 30. Minutt no engem Konter de Golkipp vun de Gunners op d'Prouf gestallt. E Gol sollt fir d'Fransousen, trotz hire Beméiungen, awer net eraussprangen. Et waren nämlech nees d'Haushären, déi zouschloe konnten. An der 35. Minutt huet de Saka e Fräistouss an de Strofraum bruecht, deen ëmmer méi laang ginn an hannert dem Donnarumma ageschloen ass. Et stoung deemno 2:0 fir Arsenal a mat dësem Score ass et dunn och an d'Kabinne gaangen.

Nom Téi war Arsenal déi spillbestëmmend Ekipp. Si hate vill Ballbesëtz an hu vun Ufank un op den drëtte Gol gedréckt. An der 52. Minutt ass dësen och bal gefall, mä den Donnarumma konnt gutt géint de Gabriel Martinelli paréieren, deen herrlech fräigespillt ginn ass a per Volley ofgezunn hat. Arsenal war insgesamt méi aktiv a méi zilorientéiert. Vum PSG ass wéineg Gefor ausgaangen. An der Schlussphas ass de PSG dunn awer op eemol zu senge Chancë komm. Mä d'Paräisser hu sech um Raya am Gol vun Arsenal d'Zänn ausgebass, soudatt de Ball de Wee net an de Gol fonnt huet. Arsenal selwer ass an där Phas vum Match och nach zu e puer Golchancë komm, mä d'Gunners hu sech méi dorobber fokusséiert, fir an der Defense zolidd ze stoen, ewéi am Stuerm nach e weidere Gol ze schéissen. Deemno sollt op béide Säite kee Gol méi falen. Um Enn steet en 2:0 fir d'Englänner um Bou, deen iwwert de Match gekuckt och an d'Rei geet.

VFB Stuttgart - Sparta Prag 1:1
1:0 Millot (7'), 1:1 Kairinen (32')

Borussia Dortmund - Celtic Glasgow 7:1
1:0 Can (7', Eelefmeter), 1:1 Maeda (9'), 2:1 Adeyemi (11'), 3:1 Adeyemi (29'), 4:1 Guirassy (40', Eelefmeter), 5:1 Adeyemi (42'), 6:1 Guirassy (66'), 7:1 Nmecha (79')

PSV Eindhoven - Sporting Lissabon 1:1
1:0 Schouten (15'), 1:1 Daniel Braganca (83')

D'Resuméë vun de Matcher Stuttgart - Prag, Dortmund - Celtic a PSV - Sporting
Dortmund iwwerrennt d'Schotten an an deenen aneren zwee Matcher gëtt et kee Gewënner

RB Salzburg - Stade Brest 0:4
0:1 Sima (24'), 0:2 Camara (66'), 0:3 Sima (70'), 0:4 Pereira Lage (75')

FC Barcelona - Young Boys Bern 5:0
1:0 Lewandowski (8'), 2:0 Raphinha (34'), 3:0 Inigo Martinez (37'), 4:0 Lewandowski (51'), 5:0 Camara (81', Selbstgol)

Inter Mailand - Roude Stär Belgrad 4:0
1:0 Calhanoglu (11'), 2:0 Arnautovic (59'), 3:0 Martinez (71'), 4:0 Taremi (81', Eelefmeter)

D'Resuméë vun de Matcher Salzburg - Brest, Barcelona - Bern an Inter - Belgrad
D'Favoritte loossen näischt ubrennen a Brest geléngt d'Iwwerraschung géint Salzburg

Bayer Leverkusen - AC Mailand 1:0
1:0 Boniface (51')

Slovan Bratislava - Manchester City 0:4
0:1 Gündogan (8'), 0:2 Foden (15'), 0:3 Haaland (58'), 0:4 McAtee (74')

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.