Um Samschdeg den Owend waren d'Rout Léiwen um 3. Spilldag vun der Nations League a Bulgarien gefuerdert.

De Resumé vum Match Bulgarien - Lëtzebuerg / Reportage Gilles Tricca

Zu Plovidv kruten d'Spectateuren eng intensiv Partie ze gesinn, an där béid Ekippe sech op schwieregem Ënnergrond allerdéngs kaum geféierlech Occasiounen erausspille konnten. Duerch vill Zweekämpf a Fouls ass donieft zu kengem Ament richtege Spillfloss opkomm, soudass ee sech um Enn ouni Goler trennt. D'Rout Léiwe bleiwen domat weiderhin ouni Gol, kënne sech awer am drëtte Match den éischte Punkt sécheren.

Am zweete Match am Grupp vun de Lëtzebuerger ass och kee Gol gefall. Belarus an Nordirland hu mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt.

No dräi Spilldeeg steet Belarus mat fënnef Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Bulgarien kënnt och op fënnef Punkten. Nordirland huet véier Punkten um Kont a Lëtzebuerg steet op der véierter Plaz mat engem Punkt.

En Dënschdeg den Owend geet déi Lëtzebuerger Nations-League-Campagne mam 4. Spilldag géint Belarus weider.

Resumé: Bulgarien a Lëtzebuerg trenne sech 0:0
Um Samschdeg den Owend waren d'Rout Léiwen um 3. Spilldag vun der Nations League a Bulgarien gefuerdert.

D'Reaktiounen no der Partie

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger
De Luc Holtz, Laurent Jans, Seid Korac, Kevin D'Anzico a Leandro Barreiro waren nom Nations-League-Match géint Bulgarien am Interview.

De Resumé vum Match

Bulgarien - Lëtzebuerg 0:0

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Bulgarien a Lëtzebuerg
D'Rout Léiwe séchere sech a Bulgarien den éischte Punkt vun der Nations-League-Campagne.

Virum Match huet de Luc Holtz annoncéiert, dass de Maxime Chanot ugeschloen ass an dowéinst zréck bei säi Veräin op Los Angeles geflunn ass.

Op engem schwieregen Terrain war Lëtzebuerg géint physesch Bulgaren vun Ufank un hellwaakreg. Schonn no e puer Minutten hat d'Lokalekipp Chance, no engem Schlag vum Kolev net an Ënnerzuel ze geroden. No enger Véierelsstonn haten de Krastev an de Curci jeeweils eng gutt Occasioun, allebéid konnte si dës awer net notzen.

Bulgarien huet virun allem wéinst der stabiller Defense zanter engem Joer kee Match méi verluer, an och géint Lëtzebuerg sollt et eng Partie mat wéinege Geleeënheete sinn. Wéinst villen Zweekämpf a Fouls am Mëttelfeld ass kaum Spillfloss zustane komm, dofir goufen et op béide Säite scho virun der Paus vill giel Kaarten.

No der Paus huet d'FLF-Formatioun de Ball besser dréine gelooss, ma et sollt weider e Match bleiwen dee vu sëllege Fouls a Spillënnerbriechunge gepräägt war.

An der 59. Minutt hat de Carlson no engem Fräistouss vum Sinani déi bescht Occasioun fir d'Rout Léiwen, ma hien huet de Ball aus kuerzer Distanz mam Kapp iwwert de Gol gesat. Op der anerer Säit ass den Despodov kuerz drop mat sengem Fräistouss um Moris hänke bliwwen.

Bis zum Schluss si béid Formatioune kaum méi zu villverspriechenden Aktioune komm, just duerch e Standard gouf plazeweis Gefor ausgestraalt. Um Enn sollt et bei engem Remis ouni Goler bleiwen, woumat d'Lëtzebuerger sech a Bulgarien den éischte Punkt vun dëser Campagne sécheren.

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen