Zu Torremolinos a Spuenien ginn nach bis e Sonndeg déi nei Weltmeeschteren am Triathlon gesicht.

Bei de Junioren huet den David Lang eng staark Leeschtung gewisen. De jonke Lëtzebuerger ass als Véierten ukomm an huet de Podium ëm nëmme véier Sekonne verpasst.

De Weltmeeschtertitel huet sech den Nils Serre Gehri aus Frankräich geséchert.

De Lëtzebuerger Theo Marti ass de 40. ginn.

Bei de Juniorinnen huet sech d'Linda Krombach als 24. Plaz mat engem Retard vun 3min40 op d'Gewënnerin Ambre Grasset aus Frankräich klasséiert.

RTL

© Bern Thill

Um Vëlo war d'Linda Krombach zréckgefall, wéinst der Chute vun enger Konkurrentin virun hir. Déi jonk Triathletin kann nach zwee  weider Joer bei de Juniorinne matmëschen.