D'Musel Pikes mat éischter Victoire vun der Saison zu Munneref

© Serge Olmo / RTL
Um Freideg war den Optakt vum 6. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
Am Derby stounge sech e Freideg den Owend den Opsteiger Munneref an d'Musel Pikes géintiwwer. Nodeems d'Gäscht e gudde Start an de Match haten a mat 30:20 a Féierung louchen, huet Munneref de Match virun der Paus gedréint an ass mat engem 38:34-Virsprong an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschecht hunn d'Musel Pikes d'Initiativ iwwerholl an de Match lues a lues kontrolléiert. Um Enn ass et trotzdeem nach emol spannend ginn, d'Pikes setzen sech no enger hektescher Schlussphas mat 80:77 duerch a feieren domat déi éischt Victoire am Championnat an dëser Saison. Béid Ekippen hu bis elo 1 vu 6 Matcher gewonnen.
De Christian Brandon an de Victor Hart hunn allebéid mat 22 Punkten am beschte getraff fir d'Gäscht.
Um Samschdeg an um Sonndeg ass d'Suite vum 6. Spilldag.