De Weekend stoungen an der Enovos League bei den Dammen an Häre Matcher vum 6. Spilldag um Programm.

Hären

Um Sonndeg huet sech de Basket Esch géint de Champion Amicale Steesel duerchgesat. Den Thomas Grün huet seng Ekipp an der éischter Hallschecht ugefouert an dofir gesuergt, dass d'Lokalekipp mat engem Virsprong vu 6 Punkten an d'Paus gaangen ass (42:36). Esch huet och am drëtte Véierel konstant gespillt a gutt getraff, d'Féierung konnt d'Ekipp domat ausbauen. Um Enn gouf et eng 85:75-Victoire fir Esch, dobäi huet de Kollektiv iwwerzeegt. 5 Spiller vun der Lokalekipp hunn tëschent 14 a 19 Punkte markéiert.

De Leader Etzella Ettelbréck ass e Samschdeg ongeschloe bliwwen, dat no enger knapper 89:84-Victoire auswäerts géint d'Résidence Walfer. Bei der Lokalekipp huet mam Tai Bibbs en neie Profispiller matgespillt, de Bibbs stoung lescht Saison nach fir d'Musel Pikes um Terrain.

An enger enker Schlussphas huet de Thomas Henkel en Dräier getraff, deen d'Gäscht entscheedend a Féierung bruecht huet. De Quatarrius Wilson konnt mat 28 Punkten an 21 Rebounds fir d'Gäscht aus dem Norden iwwerzeegen.

Den Thomas Henkel séchert Ettelbréck mat dësem Dräier d'Victoire

E weideren enke Match hunn d'Zuschauer an der Fiels gesinn. Um Enn setzt sech d'Lokalekipp Arantia mat 73:69 géint den AB Conter duerch. Jeeweils 22 Punkte goungen op de Kont vum Kiandre Gaddy an dem Isaiah White bei der Lokalekipp.

Den T71 Diddeleng wënnt auswäerts kloer mat 92:77 zu Hiefenech. Net ze stoppe bei de Gäscht war den Edward Colbert, dee 40 Punkte markéiere konnt.

D'Sparta Bartreng wënnt mat 83:74 géint MambraMamer. Den Nationalspiller Max Logelin konnt der Partie säi Stempel opdrécken, hie koum op 24 Punkten, 10 Rebounds a 9 Assists fir d'Lokalekipp.

Um Freideg hate sech d'Musel Pikes knapp mat 80:77 zu Munneref duerchgesat an domat déi éischt Victoire dës Saison gefeiert.

Dammen

Um Sonndeg setzt sech Wolz mat 64:54 géint de Basket Esch duerch. D'Lokalekipp huet den éischte Véierel dominéiert a louch 30:8 a Féierung. D'Olivia Lane koum niewent 21 Punkten och op staark 28 Rebounds.

De Champion Gréngewald Hueschtert bleift bei den Dammen als eenzeg Ekipp ongeschloen. Auswäerts zu Conter gouf Hueschtert allerdéngs bis zum Schluss gefuerdert. Um Enn wënnt de Favorit mat 68:63 ënner dem Impuls vum Alexus Johnson. Si koum niewent 23 Punkten op staark 24 Rebounds.

D'Amicale Steesel setzt sech no engem staarke véierte Véierel mat 83:75 zu Bartreng duerch. Dobäi huet d'Mikayla Ferenz iwwerzeegt. D'Profispillerin koum op 41 Punkten a suergt domat dofir, dass béid Ekippen an der Tabell punktgläich sinn.

Den T71 Diddeleng hat keng Schwieregkeeten, fir sech auswäerts mat 90:57 géint d'Musel Pikes ze behaapten. D'Joyce Isi Etute war eemol méi net ze stoppen a koum op 26 Punkten.