Den aktuellen englesche Champion rett duerch ee Gol a leschter Sekonn déi dräi Punkte géint Wolverhampton a bleift domat um Leader Liverpool drun.

An den internationale Futtballchampionnater stoungen e Sonndeg rëm eng Rei Matcher um Programm. An England huet de Gol vum John Stones an der 95. Minutt de Match fir Manchester City entscheet a Liverpool bleift duerch eng 2:1-Victoire géint Chelsea weiderhin Tabelleleader. Fir Union Berlin gouf et beim Opsteiger Kiel an der 1. Bundesliga dräi Punkten an Neapel huet sech an der Serie A knapp mat 1:0 géint Empoli duerchgesat.

Am nationale Futtballchampionnat war e Sonndeg d'Suite vum 10. Spilldag.

De Maxime Chanot huet sech mat Los Angeles FC um leschte Spilldag vun der "Regular Season" d'Victoire an der Western Conference geséchert.

Bundesliga

Kiel - Union Berlin 0:2
0:1 Kemlein (18'), 0:2 Rothe (89')

Union Berlin confirméiert säi gudde Start an d'Saison a wënnt mat 1:0 beim Opsteiger Holstein Kiel. No 18 Minutte waren d'Gäscht duerch e Kappball vum Aljoscha Kemlein a Féierung gaangen an och am weidere Spillverlaf ware si déi besser Ekipp um Terrain. D'Kieler Ekipp huet sech virun allem mat offensiven Iddie schwéier gedoen. Am zweeten Duerchgang stoung Union dann e gutt Stéck méi déif an huet op Feeler am Kieler Spillopbau gewaart. D'Lokalekipp huet kee Wee duerch déi géigneresch Defense fonnt a muss sech no engem spéiden zweete Géigegol vum Tom Rothe um Enn geschloe ginn.

Wolfsburg - Bremen 2:4

1:0 Tiago Tomas (19'), 1:1 Weiser (45+5'), 1:2 Agu (51'), 1:3 Ducksch (67'), 1:4 Grüll (72'), 2:4 Maehle (79')

Premier League

Wolverhampton - Manchester City 1:2

Manchester City huet ee méigleche Punkteverloscht nach a leschter Sekonn verhënnert krut. Mat engem fréie Gol vum Jörgen Strand Larsen an der 7. Minutt goufen d'Gäscht iwwerrascht. D'Wolves konnte mam Drock gutt ëmgoen a sinn och selwer duerno ëmmer rëm vereenzelt no vir komm. Mat der Zäit huet ManCity dann awer ëmmer méi gedréckt a konnt duerch e Sonndesschoss vum Josko Gvardiol no enger gudder hallwer Stonn ausgläichen. An der zweeter Hallschent ass d'Partie dann ëmmer zéi ginn. Wolverhampton huet hanne gutt zougemaach an der géignerescher Kreativitéit net vill Plaz gelooss. Alles huet dorop higedeit, wéi wa sech béid Ekippen d'Punkten deele géifen. Mat der leschter Aktioun vum Match war den John Stones dann awer bei engem Corner op der richteger Plaz, fir de Ball decisiv an de Gol ze käppen an déi dräi Punkte mat Heem ze huelen.

Liverpool - Chelsea 2:1

1:0 Salah (29'), 1:1 Jackson (48'), 2:1 Jones (51')

No enger opreegender Ufanksphas, an där et hin an hir gaangen ass, kruten d'Haushären no enger knapper hallwer Stonn een Eelefmeter fir sech gepaff. De Mohamed Salah war vum Punkt äiskal bliwwen a konnt op 1:0 stellen. De Momentum war duerno dann éischter op der Säit vun de Reds, déi bal nach en zweeten Eelefmeter zougesprach kruten, ma duerch den Asaz vum VAR ass et awer net dozou komm. Dräi Minutten no der Paus huet den Nicolas Jackson fir den 1:1-Ausgläich gesuergt, op deen de Curtis Jones awer nëmme weider dräi Minutte méi spéit mam 2:1 kontere konnt. Bis zum Schluss war d'Decisioun an engem ausgeglachene Match net gefall, um Enn hëllt sech Liverpool awer déi dräi Punkten a bleift domat weiderhin Tabelleleader.

Serie A

Empoli - Neapel 0:1
0:1 Kvaratskhelia (63')

Venezia - Atalanta 0:2
0:1 Pasalic (7'), 0:2 Retegui (47')

Ligue 1

Le Havre - Lyon 0:4
0:1 Abner (32'), 0:2 Fofana (57'), 0:3 Lacazette (71'), 0:4 Benrahma (87')

Nantes - Nice 1:1

1:0 Abline (67'), 1:1 Guessand (72')

La Liga

Atlético Madrid - Leganes 3:1
0:1 Neyou (34'), 1:1 Sörloth (69'), 2:1 Griezmann (81'), 3:1 Sörloth (90+8')