An enger animéierter Partie konnt Barcelona sech mat 4:1 géint Bayern duerchsetzen. De Raphinha huet dobäi dräi Goler markéiert.

Um Mëttwoch Owend goung et an der Champions League mat der Suite vum 3. Spilldag weider.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

Nieft der klorer Victoire vu Barcelona gouf et och e Succès vu Manchester City géint Sparta PragBenfica huet doheem géint Feyenoord de Kierzere gezunn. De Leandro Barreiro stoung wéinst enger Blessur net am Kader.

No der Victoire géint Real Madrid um zweete Spilldag, konnt sech Lille och bei Atlético duerchsetzen. Inter huet zu Bern an der Nospillzäit den entscheedende Gol markéiert. Donieft gouf et eng Defaite fir Salzburg géint Zagreb.

An de fréie Matcher ass kee Gol tëscht Atalanta Bergamo a Celtic gefall. Leverkusen huet zu Brest 1:1 gläich gespillt.

Barcelona - Bayern München 4:1
1:0 Raphinha (1'), 1:1 Kane (18'), 2:1 Lewandowski (36'), 3:1 Raphinha (45'), 4:1 Raphinha (56')

D'Goler vun der Partie Barcelona géint Bayern
De Raphinha war mat 3 Goler de Mann vum Match.

De Match hat kaum ugefaangen do louch de Ball schonn am Filet. De Raphinha ass no engem laange Ball an Déift eleng op de Neuer gelaf an huet den 1:0 markéiert. De Kimmich hat virdrun den Abseits opgehuewen.

Béid Ofwierreien stoungen immens héich an hu fréi gepresst. Bayern huet dat nom Géigegol an enger éischter Phas besser ausgespillt. An der 10. Minutt gouf den 1:1 vum Kane wéinst Abseits vum VAR zréckgeholl. 8 Minutte méi spéit huet den Englänner awer ausgeglach. De Gnabry gouf iwwer lénks fräigespillt an de Kane konnt seng Flank artistesch am Gol ënnerbréngen.

Duerch de fréie Pressing vu béiden Ekippen ass et mat héijem Tempo hin an hir gaangen an et goufen doduerch virun de Goler vill geféierlech Aktiounen. An der 25. Minutt huet de Lewandowski knapp laanscht de Gol gezielt. An der Suite hunn d'Ekippen um Terrain eng kleng Paus ageluecht, éier de Lewandowski seng Faarwen 9 Minutte virun der Paus nees 2:1 vir bruecht huet. No engem laange Ball huet de Kim de Ball ënnerschat, de Fermin huet op de Lewandowski gepasst, deen de Ball an den eidele Gol geschoss huet.

Bayern huet nees versicht ze reagéieren, den nächste Gol ass virun der Säit awer op der Säit vun de Spuenier gefall. De Raphinha konnt de Ball am laangen Eck ënnerbréngen. No ganz animéierte 45 Minutten ass et mam 3:1 fir Barça an d'Kabinne gaangen.

Nom Säitewiessel hat Bayern Chance wéi Barcelona aus enger schlechter Relance vum Neuer kee Profit konnt schloen. An der 50. Minutt huet de Palhinha op der anerer Säit iwwert de Gol geschoss.

Bayern stoung nach méi héich wéi an der 1. Hallschent an dee Risiko gouf vu Barcelona direkt bestrooft. Mat zwou wäite Passen hunn d'Spuenier Bayern komplett iwwerspillt an de Raphinha konnt säin 3. Gol vum Owend markéieren.

De Vincent Kompany huet mat véier Wiessele reagéiert, um Terrain huet Barcelona de Ball an den eegene Reien dréinen an hannen näischt ubrenne gelooss.

Barcelona huet sech an der Schlussphas nach déi eng oder aner Geleeënheet erausgespillt, e weidere Gol sollt awer net falen. Fir Barcelona war et déi zweet Victoire am drëtte Match. Bayern huet dogéint schonn zwou Defaiten um Kont a steet an der Champions League virum nächste Spilldag ënner Drock.

Déi bescht Zeene vun der Partie Barcelona géint Bayern
Nieft de Goler gouf et an der animéierter Partie och nach eng Rei Chancen op béide Säiten.

Brest - Leverkusen 1:1
0:1 Wirtz (24'), 1:1 Melou (39')

Atlético Madrid - Lille 1:3
1:0 Alvarez (8'), 1:1 Zhegrova (61'), 1:2 David (74', Eelefmeter), 1:3 David (89')

Benfica - Feyenoord 1:3
0:1 Ueda (12'), 0:2 Milambo (33'), 1:2 Aktürkoglu (66'), 1:3 Milambo (90+2')

D'Resuméë vu Brest - Leverkusen, Atlético - Lille a Benfica - Feyenoord
Atlético a Benfica hunn iwwerraschend verluer. Brest a Leverkusen hu gläich gespillt.

Atalanta Bergamo - Celtic Glasgow 0:0

Manchester City - Sparta Prag 5:0
1:0 Foden (3'), 2:0 Haaland (58'), 3:0 Stones (65'), 4:0 Haaland (68'), 5:0 Nunes (88', Eelefmeter)

RB Leipzig - Liverpool 0:1
0:1 Nunez (27')

D'Resuméë vun Atalanta - Celtic, ManCity - Sparta Prag a Leipzig - Liverpool
Déi englesch Ekippe hu sech duerchgesat. Kee Gol ass tëscht Bergamo a Celtic gefall.

RB Salzburg - Dinamo Zagreb 0:2
0:1 Kulenovic (49'), 0:2 Petkovic (84')

Young Boys Bern - Inter Mailand 0:1
0:1 Thuram (90+3')

D'Resuméë vun de Partië Salzburg - Zagreb a Bern - Inter Mailand
Zagreb huet zu Salzburg gewonnen. Inter konnt sech an de leschte Minutten an der Schwäiz behaapten.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.