Hirscher feiert Comeback zu Sölden

© AFP (Archiv)
Zanter e Freideg ass et definitiv. De Marcel Hirscher ass beim Weltcup-Optakt zu Sölden um Depart.
De Marcel Hirscher ass 2051 Deeg no senger leschter Weltcup-Course zeréck op der internationaler Schibün. De 35 Joer ale Sportler huet säi Comeback fir de Riseslalom beim Weltcup-Optakt e Sonndeg zu Sölden op der Instagram-Säit vu sengem Team Van Deer-Red Bull confirméiert.
"Ech hu mech dozou decidéiert a gesot: Ech maachen et!", sou den Hirscher an engem kuerze Video. Hie wier "zeréck an deem Spill, dat mir gären hunn".
Den Hirscher hat 2019 e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn. Hien huet a senger Karriär zwou Goldmedaile bei Olympesche Spiller a siwe Weltmeeschtertitele gewonnen.
Fir säi Retour huet hien d'Natioun gewiesselt, an Zukunft start hie fir d'Heemeschtsland vu senger Mamm Holland. Hie wéilt kengem Éisträicher eng Plaz ewechhuelen. Donieft profitéiert hie vun enger neier Wildcard, déi dëse Wanter agefouert ginn ass. Dës garantéiert him eng Startplaz direkt hannert der Grupp vun den 30 Spëtzefuerer.