De Swift huet duerch zwee Goler an der zweeter Hallschent mat 2:0 gewonnen. Stroossen hat och seng Chancen an huet ë.a. een Eelefmeter net verwandelt.

Hesper huet sech fir den Optakt vum 11. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball mat 2:0 zu Stroossen duerchgesat.

Déi éischt Hallschent war net onbedéngt langweileg fir déi 350 Spectateuren, déi sech zu Stroossen afonnt haten. Béid Ekippen hunn hinnen e monteren Match mat sëllege Golchancë gebueden. Déi wuel bescht Chance hat Stroossen an der Persoun vum Zenadji, deen an der 29. Minutt fir en Eelefmeter ugetruede war. Dëse Schoss war awer net haart a placéiert genuch, soudass den Dupire am Hesper Gol seng Fangeren dru krut. Mee och Hesper hat virun der Paus nach eng gutt Geleeënheet duerch de Gboho, mee den Özcan konnt de Schoss paréieren. Sou goung et mat 0:0 an d'Kabinnen.

Nom Téi hu sech béid Ekippen an den éischte Minutten neutraliséiert. An der 61. Minutt hat Hesper dunn déi éischt geféierlech Chance an déi sollt sëtzen. No Viraarbecht vum Sinani huet de Gboho den 1:0 markéiert. An der 72. Minutt gouf et dunn eng geféierlech Chance vu Stroossen, ma de Golkipp vun Hesper konnt de Schoss vum Perez entschäerfen. An der 85. Minutt gouf et eng weider gutt Aktioun vun der Lokalekipp, ma och dës Kéier konnt den Dupire nees de Gol verhënneren. Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet Hesper du fir d'Virentscheedung gesuergt. No engem séiere Konter huet de Sinani op 2:0 gesat, wat um Enn och d'Schlussresultat sollt sinn.

Eng Victoire, déi duerchaus verdéngt ass, wann een déi zweet Hallschent vum Match kuckt. An den zweete 45 Minutten huet quasi just de Swift gespillt. Déi Stroossener hate kaum nach Offensivaktiounen. Um Enn musse sech déi Stroossener virwerfen, datt se an der éischter Hallschent de Sack net schonn zougemaach hunn. Virun allem de Penalty, dee vum Zenadji verschoss gouf, deet de Stroossener do wéi.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Stroossen - Hesper 0:2

0:1 Gboho (61'), 0:2 Sinani (88')

D'Tabell