De Lëtzebuerger Coupegewënner verléiert den zweete Match kloer géint Saporischschja. E Samschdeg war scho Bierchem eliminéiert ginn.

Den Handball Esch verléiert och säin zweete Match géint HC Motor Saporischschja, dës Kéier mat 29:46. Wéinst der aktueller Situatioun an der Ukrain gouf de Match zu Michalovce an der Slowakei ausgedroen. D'lëtzebuergesch Ekipp war mat engem Réckstand vu 6 Goler (26:32) an de Match gaangen.

Bis op den 1:0 louch Esch ni a Féierung. Saporischschja huet de Match vun Ufank un u sech gerappt an direkt en Ecart gemaach. No knapp 20 Minutte louch den ukrainesche Vertrieder 14:7 vir, woumat och scho kloer war, dass Esch keng Chance méi op d'Weiderkommen hat. Motor Saporoschschja konnt de Score bis zur Paus op 19:11 eropschrauwen.

Dësen Ecart konnt Esch am zweeten Duerchgang net méi kleng maachen, fir nach eng Kéier an de Match zeréckzefannen. D'Ekipp vum Trainer Rajko Milosevic koum wuel zu hire Golchancen, déi si och ënnerbrénge konnten, mee Saporischschja war einfach méi clever an ofgezockt. Um Enn stoung eng verdéngt Victoire fir d'ukrainesch Ekipp, déi elo am drëtten Tour vum European Cup steet. Bescht Buteure fir Esch waren de Luca Tomassini mat 5, an den Enes Agovic an den Ognjen Jokic mat 4 Goler.

E Samschdeg war mat Bierchem schonn e Lëtzebuerger Vertrieder aus dem EHF Cup ausgescheet. Domat ass keng lëtzebuergesch Hären-Ekipp méi international dobäi. D'Diddelenger Damme spillen den 10. a 16. November géint JuRo Unirek VZV aus Holland.