Ettelbréck deklasséiert Munneref a bleift ongeschloen

Um Freideg war den Optakt vum 8. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
De Leader Etzella Ettelbréck huet seng Favoritteroll bestätegt a setzt sech auswäerts däitlech mat 92:50 zu Munneref duerch. Den Opsteiger huet mam Dalen Ridgnal en neie Profispiller agesat, dat huet awer näischt doru geännert, dass d'Lokalekipp der Etzella kaum eppes entgéint ze setzen hat. An der zweeter Hallschecht hat d'Partie phaseweis de Charakter vun engem lockere Frëndschaftsmatch, Munneref huet no der Paus nëmmen nach 16 Punkte geworf. De Quatarius Wilson hat bei Ettelbréck mat 24 Punkten am beschte getraff.
Um Samschdeg a Sonndeg ass d'Suite vum 8. Spilldag, dat ënner anerem mam Derby tëschent Walfer a Steesel.