Union Saint-Gilloise an AS Roum trenne sech 1:1

© BRUNO FAHY / BELGA MAG / Belga via AFP
En Donneschdegowend war de véierte Spilldag an der Ligaphas vun der Europa League am Futtball
Union Saint-Gilloise AS Roum 1:1 (0:1 Manvini 62', 1:1 Mac Allister 77')
Mam Golkipp Anthony Moris war ee Lëtzebuerger Nationalspiller am Asaz. Hien ass mat der Union Saint-Gilloise doheem op d'AS Roum getraff.
Déi éischt Hallschent vum Match war onspektakulär, bis op zwou Giel Kaarten fir d'Roma an der 4. an an der 27. Minutt ass net vill passéiert.
Zéng Minutten no der Paus wiesselt d'AS Roum dann zwee Mol. De Pisilli kënnt fir de Le Fée an den Dowbyk kënnt fir de Shomurodov. Ma et ass de Mancini, deen an der 62. Minutt no enger Virlag vum Pellegrini fir d'Rouma trëfft.
Saint-Gilloise reagéiert mat zwee Wiesselen op de Gol an der 69. Minutt geet de Fuseini fir den El Hadj erof an de Rodriguez ersetzt de Khalaili. An der 77. Minutt kann de Mac Allister dann den Ausgläich markéieren. D'Virlag koum vum Vanhoutte.
Duerno passéiert, bis op zwou Giel Kaarten fir Saint-Gilloise net méi vill, sou dass de Match mat 1:1 op en Enn geet.
Galatasaray - Totttenham 3:2 (1:0 Akgün 6', 1:1 Lankshear 18', 2:1 Osimhen 31', 3:1 Osimhen 39', 3:2 Solanke 69')
Méi spektakulär ass et do beim Heemmatch vu Galatasary Istanbul géint Tottenham Hotspur hiergaangen.
Schonn an der 6. Minutt bréngt den Akgün d'Haushären a Féierung, éier dem Lankshear an der 18. Minutt no enger Virlag vum Johnson den Ausgläich geléngt.
An der 31. Minutt bréngt de Victor Osimhen Galatasary dann nees a Féierung. D'Virlag koum vum Dries Mertens. Nëmmen 8 Minutten drop ass et dat nämmlecht Bild: Mertens op Osimhen an et steet 3:1.
Tottenham muss dann och nach vun der 60.Minutt un zu 10 spillen. De Lankshear flitt nämlech mat Giel-Rout vum Terrain.
Ma an der 69. Minutt kënnen d'Spurs et an Ënnerzuel nach eng Kéier spannend maachen. De Solanke kann no enger Virlag vum Porro op 2:3 aus der Siicht vun de Gäscht verkierzen.