F91, Progrès an D03 en Tour weider, Rodange eliminéiert

© afp
Déi meescht Ekippen aus der BGL Ligue konnte sech um Sonndeg fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren. Rodange huet zu Kanech verluer.
Um Sonndeg gouf bei den Hären d'Suite vun de 1/16-Finallen an der Coupe gespillt.
D'Iwwerraschunge bloufe gréisstendeels aus. Aus der BGL Ligue gouf just Rodange eliminéiert. D'Ekipp aus dem Süden huet zu Kanech mat 0:2 de Kierzere gezunn. Schëffleng aus der Éierepromotioun huet zu Weiler (1. Divisioun) 0:1 verluer. Aus der 2. Divisioun ass Lëntgen en Tour weider. No Eelefmeterschéissen huet ee sech géint Iechternach duerchgesat.
De Progrès, Diddeleng, Déifferdeng, Rouspert a Wolz hu sech an hire Partien duerchgesat a stinn am nächsten Tour. D'Jeunesse huet sech och knapp zu Walfer duerchgesat. Stroossen huet eng ganz iwwerzeegend 8:0-Victoire gefeiert a steet och an den Aachtelsfinallen. Do stinn och Baastenduerf no engem Erfolleg géint Veianen a Käerjeng no enger Victoire am Eelefmeterschéisse géint Miersch. D'Matcher Bieles géint Munneref a Fola géint Péiteng goufe wéinst ze vill Niwwel ofgebrach.
Um Samschdeg hat de Racing schonns Hesper eliminéiert.