Céline Naef gewënnt d'Kyotec Open zu Péiteng
E Sonndeg gouf d'Finall vum Dammentennis-Tournoi zu Péiteng gespillt.
Bei der 10. Editioun vun dësem internationalen Tournoi gouf déi ganz Woch schonn am Hall QT ëm 60.000 Dollar Präisgeld gekämpft.
An engem vun Ufank u gudde Match stounge sech zu Péiteng dat op der Nummer 1 gesaten Océane Dodin aus Frankräich an d'Céline Naef aus der Schwäiz géigeniwwer. Nodeems si am ganzen Tournoi nach kee Saz huet missen ofginn, huet déi jonk Spillerin aus der Schwäiz de Match lues a lues dominéiert. Sou konnt d'Céline Naef den éischte Saz um Enn souverän mat 6:2 fir sech entscheeden.
Genee wéi de Rescht vun der Woch war och d'Finall gutt besicht. D'Tribüne ware voll an d'Stëmmung gutt. Dat hat sécher och eppes mam Niveau vun de Spillerinnen a mat der Performance, déi iwwert déi ganz Woch gewise gouf, ze dinn.
Den Alain Urth (Direkter vum Tournoi):
"Vun de Spillerinnen hier ass den Niveau eropgaangen a mir hu gesinn, datt den Tableau ganz enk war. Dëst Joer war dat lescht, wat erakomm ass, Plaz 300 op der Welt, d'lescht Joer Plaz 450. Vir am Tableau ass et plus minus stabel bliwwen. D'Océane Dodin, op 1 gesat, war d'lescht Joer Plaz 90 op der Welt, dat ass et och haut."
Am zweete Saz ass d'Franséisin Dodin da besser an de Match komm a konnt mat 2:0 a Féierung goen. Ma fir eng Schlussvictoire sollt et awer net duergoen. No 2 Breakbäll war et nämlech ee staarkt Céline Naef, dat sech och den zweete Saz no Réckstand mat 6:4 séchere konnt. Et war de siwenten ITF-Titel an de leschten dräi Joer fir déi jonk Schwäizerin an natierlech war si glécklech iwwer hir Leeschtung.
"Ech si ganz zefridde mat mengem Match, ech wosst, datt ech muss couragéiert bleiwen an ech hat am zweete Saz eng kleng Phas, wou ech gezögert hunn, awer dono hunn ech direkt rëm zeréck an de Match fonnt an ech si wierklech ganz zefridden."
Wat d'Präisgeld an de Budget ugeet, kënnt een awer lues a lues un eng Grenz. Trotzdeem hofft een och 2025, een Tournoi op dem nämmlechten Niveau wéi dëst Joer organiséieren ze kënnen.
Dozou den Alain Urth, Direkter vum Tournoi:
"Et steet näischt am Wee, fir deen Turnéier net méi ze maachen, 2025 wäert hoffentlech nach eng Kéier ee sinn. No e puer Woche setze mir eis zesummen an da plange mir dat. Wéi eng Kategorie, dat bleift nach ofzewaarden, mee ech ginn dovun aus, datt et net méi wäert sinn, mee och dat wier schonn ee risegen Erfolleg."
An och d'Céline Naef dierft een dann nach eng Kéier erëmgesinn, op alle Fall huet si am Grand-Duché e gudden Androck hannerlooss: "Ech muss soen, ech fannen et esou schéin, wéi jiddereen esou frëndlech ass an et ass ee klengt Land wéi d'Schwäiz. Da fillen ech mech natierlech mega wuel."