Zu Monaco huet d'FLK, Fédération Luxembourgeoise de Karate, Ufank November beim Championnat vun de klengen europäesche Staaten 68 Medaile gewonnen.

Dovunner hat d'Nationalekipp 25 Gold-, 14 Sëlwer- an 29 Bronzemedailen am Gepäck. Mat dësem Resultat hate sech d'Karatekae vun der FLK virun den Topnatiounen Zypern a Montenegro klasséiert. "Mir si méi professionell ginn a mir wëlle weider an déi Richtung schaffen. Dowéinst war dat Resultat méiglech. Awer och e grousse Merci un eis Benevollen, eis Traineren a Kinéen, déi mat dobäi waren. Ouni si wier esou e Resultat och net méiglech gewiescht", sot de President Fred Charlé.

RTL

Zanter Mäerz vun dësem Joer operéiert d'Karate-Federatioun, kuerz FLK, onofhängeg an ass net méi Deel vun der FLAM, der Fédération Luxembourgoise des Arts Martiaux. Dat bréngt gewësse Virdeeler mat sech. Déi Responsabel hunn elo d'Méiglechkeet, méi fräi ze schaffen, Prozesser an d’Weeër si méi kuerz ginn an d'Federatioun kann elo méi séier Decisiounen huelen.

De Fred Charlé: "Et ass wéi wann de Basket, de Futtball an den Handball an enger Federatioun wieren. Dowéinst si mir elo frou eegestänneg kënnen ze schaffen."

Och den Directeur Technique National, de Loïc Bento fënnt, dass dëse Schratt noutwenneg war:

Extrait Loïc Bento
Den Directeur Technique National vun der FLK begréisst, datt d'Karatefederatioun onofhängeg vun der FLAM ass.

Méi professionell gëtt et och bei den Dammen. Duerch eng Blessur kann d'Pola Giorgetti den Ament nach net um Tatami stoen. Dowéinst hëlleft d’Athletin aus dem COSL-Elittekader aktuell als Trainerin.

Extrait Pola Giorgetti
D'Karateka iwwer hir Blessur an nei Aufgab als Trainerin.

Vill Karatekae kënnen net vu sech behaapten, de Weltbeschten a senger Alterskategorie ze sinn oder gewiescht ze sinn. De Filip Todorovic huet dëst opgrond vu senge leschte Leeschtunge realiséiert a war houfreg, wéi op emol d'Nummer 1 am Ranking opgetaucht ass. "Ech sinn extrem houfreg a stolz. Et ass e mega Gefill. Déi Placéierung bréngt mir am Endeffekt vill well ech elo op verschidden Tournoien deemno wéi e Fräilous kréien. Och de Respekt. Well wann ech elo als Nummer 1 op den Tatami ginn, hu Géigner och méi Respekt virun engem." 

Erfollegräich war och den Alexander Davis, deen am ganze 4 Goldmedaile vu Monaco mat heem bruecht huet.
 
Den nächste grousse Rendez-Vous fir d'Nationalekipp ass am Februar. Da steet d’Europameeschterschaft a Polen um Programm. Vläicht kommen d'Karatekaen da mat deem een oder aneren Titel heem.